Wéi aus Ofwaasser Béier gebraut gëtt
Malz, Happ, Hief an Ofwaasser: E Projet am Süde vun Däitschland weist, wat d’Méiglechkeete vun der moderner Waasseropbereedung sinn.
Waasser aus der Kläranlag dierft wuel kengem Appetit maachen. E Projet vun der Technescher Uni München, der Stad Weissenburg an der amerikanescher Entreprise Xylem notzt awer genee dëst Waasser als Basis, fir Béier ze brauen. Natierlech eréischt nodeems et entspriechend opbereet gouf.
A véier Etappe gëtt d'Ofwaasser an der Kläranlag zu Weissenburg gekläert, duerno muss et nach zwee Mol gefiltert ginn, éier et Drénkwaasserqualitéit huet a ka weiderverwäert ginn – zum Beispill an enger Brauerei. Waasser ass hei e grousst Thema, well et den Haaptbestanddeel vum Béier ass. Duerch de Klimawandel ginn et och an eise Regioune mëttlerweil Dréchenten, Waasserknappheet a Verbrauchsaschränkungen, sou dass Alternativen zum reguläre Leitungswaasser ëmmer méi interessant ginn.
D'Resultat nennt sech "Reuse Brew". Kafe kann een dëse Béier awer net, en déngt den Ament just als Demonstratioun vun deem, wat méiglech ass. Aus finanzieller Siicht ass d’Opbereede vum Ofwaasser nach net interessant genuch fir de Marché.