Schlass Bierg
Een Dag am Liewe vun de Gäertner vum Haff
Geméis ubauen, Blumme schneiden, méien – an dat beim Grand-Duc! Eng RTL-Journalistin huet am Park vum Schlass Bierg eng Hand mat ugepaakt.
18 Hektar perfekt geméinte Wues, symmetresch ugeluechte Blummebeeter, eng grouss Zär mat eegenem Geméis a Kraider an nach villes méi. Et ass en impressionant Bild, wat sech hannert de Mauere vum Park vum Schlass Bierg verstoppt.
E Gaart, an deem vill Aarbecht stécht. Eng Ekipp vu ronn 15 Gäertner këmmert sech ëm alles, wat mat Gaart, Planzen a Blummen ze dinn huet. An eis Journalistin Vidosava Kuzmic konnt sech een Dag laang an hirem Beruff probéieren. Sief dat fir Blummenarrangementer zesummenzestellen, de Blummegaart ze fleegen oder ze méien.
Am meeschte gelies