Beim Schlass zu Mënsbech gouf e Méindeg de Mëtteg eng ganz speziell Rous gedeeft.

De klenge Prënz François, den zweete Fils vun der ierfgroussherzoglecher Koppel, krut seng eege Blumm. Eng wäiss Rous, déi extra fir hie geziicht gouf.

An den Éieregaascht hat dann och seng Éiereplaz an duerft an der Mëtt vu sengem Papp dem Ierfgroussherzog Guillaume a senger Mamm der Ierfgroussherzogin Stephanie Plaz huelen. Hei konnt hie mat sengen Elteren d'Vue op de schéine Gaart ronderëm d'Schlass genéissen.

D'Lëtzebuerger Rousefrënn ziichten ëmmer nees nei Zorte fir d'Membere vun der groussherzoglecher Famill.