Zanter gutt 10 Joer dominéieren Dating-Apps de Single-Marché, mä och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer nach eng Handvoll klassesch Partnervermëttlungen.

Wien op der Sich ass a sengem Partner net an der Bar oder dem Supermarché iwwert de Wee leeft, huet an der aktueller Zäit wuel d'Tendenz, op Dating-Apps zréckzegräifen. Et gëtt awer och ëmmer nach d'offline Variant dovun: Déi klassesch Partnervermëttlungen. Wéi gesäit hir Aarbecht aus? Wat versprieche se a wou fanne si iwwerhaapt nach hir Plaz um Marché?

"Viele Menschen haben den Anspruch, einen idealen Partner zu finden. Einen perfekten Partner, den es natürlich nicht gibt", seet d’Claudia Neumeister. Viru mëttlerweil 7 Joer huet si d'Partnervermëttlungsagence Luxdates gegrënnt. Wéi vill Clientë si genee betreit, wëll si net verroden, ma hir Clientèle wier tëscht 30 a 70 Joer al an tendenziell géife sech an der Lëscht och ëmmer méi Jonker fir eng analog Partnervermëttlung interesséieren. Och d'Sabine Pasquier schafft fir eng Partnervermëttlungsagence. Déi belsch Agence "Atoutcoeur" gëtt et zanter 11 Joer an nieft dem belschen a franséische Marché ass se och zu Lëtzebuerg aktiv. Iwwer konkret Präisser wëlle béid Agencen net schwätzen: Atoutcoeur bitt Kontrakter zu ënnerschiddleche Lafzäiten un, bei Luxdates bezilt een e véierstellege Betrag pro Joer. Eng generell Erfollegsquot oder Garantie fir eng gewëssen Zuel u Rendez-vouse gëtt et net.

Fir en Abléck an d'Aarbecht vun den Agencen ze kréien, hu mir eng Testpersoun gesicht. De Martin Zoller ass zanter gutt zwee Joer Single an huet sech fir eis bereet erkläert, sech op d'Experiment vun de klassesche Partnervermëttlungen anzeloossen. Mir hunn hien op déi jeeweileg Virgespréicher geschéckt a gekuckt, wat d'Agentinnen him verspriechen a wat schlussendlech dobäi erauskënnt.