Dëse Sonndeg ass Mammendag

© Envato Seventyfourimages
Dëse Sonndeg ass net just Waldag, ma och Mammendag. Mam Rendez-vous am Juni steet Lëtzebuerg international allerdéngs bal eleng do. Firwat ass dat esou?
Dëse Sonndeg ginn nees an Dausende Stéit uechter d'Land Blummen a selwer gebastelt Kaddoen un d'Mamme verdeelt. Verschiddener kënne sech warscheinlech och vun hire Kanner iwwer eng Taass Kaffi an e puer Mëtsche freeën, déi hinne bei d'Bett bruecht ginn. Bei eisen Nopere gëtt dëse Sonndeg allerdéngs net gefeiert.
Bei wäitem déi meeschte Länner feieren de Mammendag am Mee. Traditionell gëtt och bei eisen Noperen an der Belsch an Däitschland - do ass et den zweete Sonndeg am Mee. A Frankräich kënnen d'Mamme sech op den drëtte Sonndeg am Mee freeën, ausser den Dag fält op Päischtsonndeg.
Lëtzebuerg danzt international domat e bëssen aus der Rei. Datt Mammendag bei eis en zweete Sonndeg am Juni gefeiert gëtt, hänkt mat der Kierch zesummen. Well am Mee Oktav ass, gouf den Dag fir d'Mammen op den Termäin am Juni geluecht, fir Iwwerschneidungen ze evitéieren.
Iwweregens: Och beim Pappendag steet Lëtzebuerg international zimmlech eleng do. Wärend an deene meeschten Deeler vun der Welt um drëtte Sonndeg am Juni gefeiert gëtt - esou och zum Beispill bei eise franséischen Noperen, ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land, dat um éischte Sonndeg am Oktober feiert. An Däitschland fält Pappendag traditionell op Christi Himmelfaart, iwwerdeems an der Belsch dëse Sonndeg op eisem Mammendag d'Pappe gefeiert ginn.