Jhemp Bertemes, Michael Schulte, Michael Schneider an Alex Hemmen
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Wëssenschaft, Musek, Poppentheater a Mountainbike-Fueren.
De Jhemp Bertemes wëll jiddereen, also och Wëssenschaftsmuffele fir d'Sciencë begeeschteren an huet elo mat un engem Buch doriwwer geschriwwen.
Ënnert anerem d'Pandemie an de Klimawandel hu jo bewisen, wéi wichteg dat ass, komplex Themen z'explizéieren. Als Chefredakter vu science.lu setzt hie sech reegelméisseg mat spannenden Themen auseneen. Mat Hëllef vun Experimenter wëll hien d'Angscht huelen, awer och d'Faszinatioun vu Kleng a Grouss erauskëddelen a mam Format 'Ziel mir keng!' geet hien aktuelle Froen no. www.science.lu

De Michael Schulte fënnt mat senge Lidder de richtegen Nerv an ass muer op der 'Fête de la musique' zu Diddeleng. Lass goung et mat Coverversiounen, déi hien op YouTube eropgelueden huet. Bei sengem Passage bei 'The Voice of Germany' koum eng drëtt Plaz eraus. Wéi en 2018 fir Däitschland beim ESC zu Lissabon gesongen huet, ass hien excellenten 4. ginn. Zu sengen Ouerewierm gehéieren Lidder wéi 'Better Me', 'Waterfall', 'You Let Me Walk Alone' oder den Duo mam Norma Jean Martine 'If you love me'. www.fdlm-dudelange.lu

De Michael Schneider mécht Figurentheater bei der 'Harzer Puppenbühne' a reest domadder duerch ganz Europa. Hien ass an eng Famill gebuer ginn vu Wanderschauspiller mat iwwer 100 Joer Traditioun, a schonn mat 4 Joer hat hien am Märchentheater en Optrëtt als 'Hänsel'. Zesumme mat sengem Partner Andrey, dem Enkel vun der russescher Radiomärchenregisseurin Marija Krakowskaja mécht hien zanter 20 Joer Optrëtter a ganz Europa. www.harzer-puppenbuehne.de

Den Alex Hemmen studéiert Informatik awer seng Passioun gehéiert dem 'Alpencross'. Den 'Deutschen Alpenverein' huet hien eng Woch begleet an dorausser ass en Documentaire entstanen. Zu drëtt hunn d'Sarah, d'Lea an den Alex sech zu Garmisch-Partnekirchen op de Wee gemaach, fir 340km um Mountainbike zréckzeleeën. Ënnerwee hate se och 12.500 km ze meeschteren a si vun Etapp zu Etapp op aner Problemer gestouss well d'Wieder net matgespillt oder eng schwéier Chute ee vun de Participanten ausser Gefecht gesat huet. www.instagram.com/hemmenalex/
