Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Motoen, Frank Sinatra a Papageien.

D'Annie Loschetter gehéiert zu de 'Rebel Biker Girls' déi d'Sécherheet um Moto eescht huelen, awer och Spaass verstinn. Si hu sech an der Coronazäit zesummefonnt, mee wëlle kee Veräin oder Club sinn, an dofir gëtt et bei den 113 Membere vun der Facebook-Grupp och keng Presidentin un der Spëtzt. Si ameséiere sech gären an deelen d'Passioun um Moto fueren, awer och d'Gesellegkeet ass hinne wichteg. Et gëtt awer och Reegelen, wann een op engem Moto sëtzt an dofir maache si sech staark, dass manner schwéier Accidenter geschéien. Facebook: Rebel Biker Girls Lëtzebuerg

RTL

Den Tom Gaebel gëtt och nach den däitsche Frank Sinatra genannt a kënnt de 29. Juni fir eng Soirée op Mamer. 2007 war de Sänger schonn am Conservatoire an der Stad an 2015 hat hien en Optrëtt mam WDR Funkhausorchester ënnert der Direktioun vum Gast Waltzing. E Samschdeg 29. Juni séngt a spillt hie mam 'Luxembourg Jazz Orchestra', bei Geleeënheet vum 25. Anniversaire vun der HGM, deen deen Owend dirigéiert gëtt vum Ernie Hammes, deen net fir d'éischt mam Crooner op der Bün steet. www. tomgaebel.de

RTL

De Carlo Manderscheid huet sech als Veterinär op Villercher spezialiséiert a kennt sech apaart mat Papageien aus. Hien huet och selwer Papageien doheem a weess, dass sou Déiercher kee Spillgezei fir Kanner sinn. Et soll een ni ee Papagei eleng halen a muss aartgerecht gehale ginn. Se brauchen Cacahouètten, Fett, Volièren, Et dierf een hir Flilleken net schneiden a se mussen dobaussen fléien. Déi heefegst Krankheeten, déi se oprafen, si Bakterien oder falscht Fudder an och Changementer am Stot dinn hinnen net gutt.

RTL