Laurent Wack, Gisa Zach, Oké an de Georges Schmitt
Am Live! Planet People goung et ëm Vëlofueren, däitsch Soap-Serien, Musek an den Asteroid Day.
De Laurent Wack souz bei der 'Bike Experience' 1.581km um Suedel fir de gudden Zweck. 10 Etappen, an der batterer Hëtzt awer och beim décke Reen. Vun Diddeleng op Sannicandro an Italien. Zu hirer 6 ware se vum 17-26. Mee ënnerwee. Bekannt gouf den Diddelenger an den 90er als Fils vum fréieren Coureur Romain Wack um Vëlo. Als Champion a Vice-Champion op der Strooss a beim Cyclocross huet hie sech du selwer e Numm gemaach an 1989 war hien 24. bei der Weltmeeschterschaft am Cyclocross zu Pontchâteau. www.bikeexperience.lu

Déi däitsch Actrice Gisa Zach kennt een aus ville Serien a si ass elo op GZSZ abonéiert. Op bei 'Betty's Diagnose', 'Girl Friends' oder 'Nikola'. An 30 TV-Produktiounen huet se scho matgespillt an zanter 2019 spillt d'Gisa an der populärer RTL-Serie 'Gute Zeiten, schlechte Zeiten' d'Roll vun der Yvonne Bode. Rezent huet d'Schauspillerin awer och op sech opmierksam gemaach, well se sech mat 50 Joer e Wonsch erfëllt a sech am 'Playboy' gewisen huet. www.gzsz.de

Den Oké ass als Sänger aktuell vill gebucht, a schafft permanent un neier Musek. 2008 ass hien an d'Land komm an zanter 2017 mécht hien d'Musek méi professionell. Hie war beim RTL-Projet 'Eis Stëmmen' mat derbäi. Eleng 4 Millioune Streams op Spotify hat hien 2023 an alles zesummegeholl kënnt hien op 20 Millioune Streamen. Aktuell ass hien op ville Festivaller gefrot. De 29. Juni um 'Made in Luxembourg' zu Déifferdeng, de 7. Juli 'Fête des Hauts-Fourneaux', den 13. Juli op der 'Luxembourg Pride', den 20. Juli op der 'Cologne Pride' an den 9. August um eLake. www.instagram.com/oke__music/

De Georges Schmit kennt d'Higlights vum Asteroid Day muer am Cercle. Muer ass et schonn déi 9. Editioun vun deem Evenement, wou ee bei Atelieren matschaffe kann, Astronaute fir en Autogramm froe kann a Froen iwwer Rakéiten, de Weltraum an Asteroide vu kompetente Leit beäntwert kritt. Vun 10 bis 18h kann ee sech e Bild maachen, wat iwwer eise Käpp geschitt. Ugekënnegt sinn ënner anerem d'Astronaute Julie Payette a Mark Polansky an de Kosmonaut Dorin Prunariu. www.asteroidday.org
