Am Live! Planet People goung et ëm eSport, Musek, Krimien an en Optrëtt am Hesper Park.

De Loïc Cordeiro Fonseca ass de WE bei de Finalen vun der Saison 5 am Esports. Zanter 2017 ass de Loïc selwer am Esports aktiv a säin Gamernumm ass 'Metus'. Déi zwee Deeg wäert hien eenzel Partien kommentéieren. De 6+7ten Juli ass, no 6 Méint Competitioun, am Forum Geesseknäppchen de Championnat vun der 'League of Legends', 'Valorant' an der 'Rocket League'. Jiddereen ass invitéiert fir luussen ze kommen a selwer aktiv ze ginn, an dobäi ënnerstëtzt een och nach den Télévie. Suivéieren kann een awer och alles op twitch an POP TV. www.twitch.tv/postesportsmasters

RTL

Déi 13 käppeg Brasspop-Band 'Querbeat' rappe muer um 'Absolut Bartreng' of. D'Museker vu Bonn, déi aus dem Kölner Karneval kommen, hunn hiren typeschen an onverkennbare Styl fonnt. Mat Lidder wéi 'Eisbär', 'Endstufe 2' oder 'Randale und Hurra' treffen si de Nerv, an hiren Engagement géint Rietsextremismus drécke se am Lidd 'Kein Kölsch für Nazis' kloer aus. Dëse Samschdeg stinn si zu Bartreng op der Bün mam 'Lea', 'Alice Merton', 'Anaïs' a 'Schëppe Siwen'. Leider ass de Festival awer schonn sold out. www.querbeat.info

RTL

D'Monique Feltgen kuckt op 1 Joer crime.lu, mat spannende Geschichten zréck. 13 Bicher sinn wärend den 12 leschte Méint vu 6 Auteuren erausbruecht ginn an d'Monique ass déi eenzeg Fra an der Editioun vu Krimien, déi 2023 vum Gaston Zangerlé, Didier Debord an Pierre Decock gegrënnt gouf. Hire Wonsch ass dass ëmmer nei Auteuren derbäi stoussen. D'Monique Feltgen huet zanter si sech un d'schreiwen ginn huet ea 9 Krimien erausbruecht, dorënner den 'Tatort Rollingergrund' dee mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur ausgezeechent gouf. www.crime.lu - Polars made in Luxembourg

RTL

Den DJ Antoine kënnt nächste Freideg fir e Gratis-Optrëtt an den Hesper Park. Mat 19 Joer huet hien seng éischt Erfarungen am Musekbusiness gemaach. Säin internationalen Duerchbroch hat hien 2011 mat dem Remix vum Track 'Welcome to St. Tropez' vum russeschen Rapper Timati, wat en Top-5-Hit am ganzen däitschsproochegen Raum gouf. Mam Lidd 'Ma Chérie' huet hien 2010 déi meeschtverkaaften Single vun engem Schwäizer produzéiert. Seng Optrëtt sinn weltwäit gefrot a nächste Freideg kënnt hien op Hesper fir seng bescht Lidder zum Beschten ze ginn. www.djantoine.com

RTL