Jhemp Ernzen, Patrick Fritzsche, Damir Krndic a Bilal Hassani
Am Live! Planet People goung et ëm Triathlon, Fanmeilen, Boxen an d'Luxembourg Pride zu Esch.
De Jhemp Ernzen ass am Sport grouss ginn an organiséiert muer de nationale Vëlosdag zu Lënster. De Sportsproff aus dem Dikrecher Kolléisch kann op eng schéi sportlech Karriär zréckkucken, wou e sech mat anere Lëtzebuerger Cracken gemooss huet. Mëtt Mäerz, wéi den éischten Lockdown zu Lëtzbuerg ageschloen huet, huet hie 'Karibu' gegrënnt, de neien Triathlonveräin vu Jonglënster. Den Numm kënnt net vun ongeféier, well 'Karibu' heescht am Suaheli 'Wëllkomm' a hie kuckt domadder zréck, wéi hie sech virun 15 Joer am Rwanda engagéiert huet, fir Kanner un de Sport ze bréngen. www.karibu.lu

De Patrick Fritzsche huet d'EM an Däitschland hautno matkritt an d'Fanmeil zu Leipzig animéiert. Schonn an der Schoul, wollt hien ëmmer op enger Bün stoen an Leit animéieren. Mat 21 Joer huet hien du seng éischt Schrëtt als Sport- an Eventmoderator gemaach an entretemps ass hie Moderator, Kommentator, Reporter a Podcaster. 'Nicht nur reden, machen!' ass säin Liewensmotto a seng Animatioun op der EM an Däitschland, wou hien Dag fir Dag virun Dausenden Leit opgetrueden ass, déi e Match beim Public viewing kucke wollten, ass en neie Meilesteen.
www.instagram.com/paddyfritzsche/

Den Damir Krndic huet den 'Alpha Boxing Club' gegrënnt a coacht seng Boxer mat vill Succès. Hie freet sech iwwer grouss Talenter, déi am Club net wäit vum Rousegäertchen trainéieren a reegelméisseg Medaile mat Heem bréngen. An der Lescht kënne si sech och mat grousse Boxnatioune wéi Russland, Irland an England moossen, op déi d'Boxer am Réng stoussen. Op Youtube kann een och en Deel vum Wee suivéieren, an der neier Serie 'Road to Portimao'. www.facebook.com/teamalphaboxing

De Bilal Hassani ass muer um 'Luxembourg Pride' zu Esch a bréngt ESC-Erfarung mat. 2019 ass net just Frankräich mee ganz Europa op hien opmierksam ginn, wéi hie säin Land mat der Hymne 'Roi' vertrueden huet. An och wann him dacks vill Haass entgéint schléit, weess hie sech mat senger Musek an engem Buch ze wieren. Hie gesäit sech als Symbol vun der Toleranz a mengt, dass ee sech fir d'éischt selwer acceptéiere muss. Dëse Samschdeg um 22h00 ass hien op der Pride Bün zu Esch a weist och seng Show mat Musek vun 'Glitter Sleaze Utopia'. luxembourgpride.lu/street-fest
www.instagram.com/iambilalhassani
