Ralf Schumacher mécht Bezéiung zu engem Mann ëffentlech

© AFP Archivbild
De fréiere Formel-1-Chauffer Ralf Schumacher huet mat engem emotionale wéi och aussergewéinleche Post op Instagram fir vill Reaktioune gesuergt.
Um Bild ass den 49 Joer ale Brudder vum Michael Schumacher mat senger "neier" Léift gesinn, Aarm an Aarm kucke si sech op engem Boot de Sonnenënnergang un. Ma et ass keng Fra, déi de Ralf Schumacher am Aarm huet, mee e Mann. An esou ganz nei soll déi Léift och net sinn.
Zanter zwee Joer scho soll de fréiere Formel-1-Pilot mam Etienne zesumme sinn. Mam Post op Instagram ass et dann elo ganz offiziell. An och um Account vum jonke Fransous koum kuerz drop en Update mat enger neier Foto, ze gesinn de Ralf Schumacher an hien als Koppel mam Sproch "iwwer de Wolleken".
D'Reaktiounen op de Coming out hunn net laang op sech waarde gelooss a sinn dann och immens positiv ausgefall. Net just Promien, och vill Fans hunn der Koppel gratuléiert.
De Ralf Schumacher war vun 2001 bis 2015 mat enger Fra bestuet, mam Cora Schumacher. 2009 hate si sech getrennt, hire gemeinsame Jong David koum 2001 op d'Welt.