Bekannt ass hie virun allem fir seng Rollen als Conan, Terminator oder an der Expendables-Serie.

Vun 2003 bis 2011, also 8 Joer laang, war hien dann och Gouverneur vum Bundesstaat Kalifornien. Mëttlerweil ass de gebiertegen Éisträicher scho 77 Joer al.

Den 30. Juli 1947 gouf den Arnold Schwarzenegger zu Thal an Éisträich gebuer an huet sech iwwer d'Jore vum Bodybuilder zu engem vun de gréissten Action-Stare vun allen Zäiten héich geschafft. Hollywood ass de 7-fache Mr. Olympia zimmlech séier opgefall, dat virun allem wéinst sengem impressionante Kierperbau a krut och schonn am Joer 1970 seng éischt Roll als Hercules, fir déi hien op New York komm ass.

Säin Duerchbroch dierf awer seng Roll als Conan the Barbarian am Joer 1982 gewiescht sinn, eng Roll déi him d'Dieren opgemaach huet, fir seng Rollen a Filmer wéi Terminator, Predator, Total Recall oder True Lies. An den 90er Jore war den "Arnie" definitiv am Olymp vun den Action-Staren ukomm a gëllt zënterhier als en absolutte Fan-Favorit.