Lëtzebuerger erzielt vu sengen Erfarunge mam US-Youtuber

Den amerikanesche Youtuber MrBeast steet den Ament vill an der Kritik. E Lëtzebuerger huet an engem Video matgemaach an erzielt, wéi hien et erlieft huet.
Den James Donaldson ass weltwäit als MrBeast bekannt an huet méi wéi 309 Millioune Follower op Youtube. Hien ass besonnesch beléift duerch seng Videoen, wou Leit Aufgaben a Parcourse matmaachen an hei héich Geldzomme gewanne kënnen. Hien huet am Alter vun 12 Joer mat Youtube ugefaangen a gëllt haut mat 26 Joer als ee vun erfollegräichsten a räichste Youtuber weltwäit. Seng Videoe brieche Rekorder a seng Suen investéiert de Jonken an nei Videoen oder spent se.

De Youtuber MrBeast / © AFP
Rezent steet den Amerikaner awer vill an der Kritik. Méi spezifesch sinn op Youtube Videoen am Ëmlaf, wou dem MrBeast ënnert anerem e schlechten Ëmgang mat sengem Personal a Participante virgehäit gëtt. Eng Persoun, déi fréier fir de MrBeast soll geschafft hunn a sech op Youtube DogPack404 nennt, schwätzt an dëse Videoen dovun, dass villes soll gespillt sinn, an dass d'Mataarbechter a Leit, déi bei de Videoe matmaachen, zum Deel geféierlech an psychesch belaaschtenden Erausfuerderunge bewältege missten. Dës weidere soll eng enk Vertraute vum MrBeast, d'Ava Kris Tyson, sech mat Mannerjäregen iwwer sexuell Handlungen a Pornografie ausgetosch hunn. De MrBeast huet sech am Juli vun dëser Persoun distanzéiert, nodeems hien eng neutral Ekipp domat engagéiert hat, ze recherchéieren, wat et mat dëse Virwërf op sech huet.
Wéi huet de Lëtzebuerger et erlieft?
Ëmmer rëm invitéiert de MrBeast Leit a senge Videoe matzemaachen. D'lescht Fréijoer hat hien en Opruff gemaach, wou hien nei Kandidate fir e Video gesicht huet. Op deen Opruff huet de Lëtzebuerger Sven Charpentier sech gemellt. Hien kuckt dem MrBeast seng Videoe schonn zënter Joren an hat scho méi laang iwwerluecht, bei sou eppes matzemaachen. Hien huet just e puer Dokumenter missen aschécken a relativ féx krut hien dunn de Fluchticket geschéckt. Iwwer Amsterdam a Chicago ass de Sven am Juni 2023 an North Carolina geflunn, wou e Bus hien op en eidele Campus bruecht huet.
"De MrBeast huet d'Uni gelount an do hu mir dunn Zëmmere kritt. Jidderee krut och e Matbewunner."
Deen Ament woussten déi ronn 170 Participanten net, wat op si zoukënnt. Eréischt um Set selwer goufe si gewuer: Et ass eng Olympiad. A verschiddene Kompetitioune missten d'Kandidate géinteneen untrieden. Wie verléiert, ass eraus a verléiert domat d'Chance op déi 250.000 US-Dollar. Dat war nämlech d'Präisgeld fir de Gewënner. All Dag gouf eng aner Kompetitioun gefilmt. An de Sven Charpentier hat et zimmlech wäit bruecht. Hie war ënnert de leschte 14 an huet am Fechten géint säi Géigner verluer. Am Ganze war hie fënnef Deeg an den USA an ass no senger Defaite zeréck op Lëtzebuerg geflunn.
Déi aktuell Kritik géint de MrBeast kann de Sven Charpantier net novollzéien. Hien hätt dëst esou guer net kënnen observéieren, wéi si de Video vun der Olympiad gefilmt hunn. Vum Ufank bis zum Schluss wieren all Kandidate gutt encadréiert gewiescht. Ronn 20 Leit vum MrBeast hätte sech eleng ëm d'Kandidate gekëmmert. Souwuel um Campus wéi och um Filmset wieren ëmmer Ambulanzen op der Plaz gewiescht an d'Sécherheet war och garantéiert, fënnt de Lëtzebuerger. Dës weidere géif bei de Videoen och mat CGI geschafft ginn. Sou huet de Parcours an der Luucht zum Beispill am Video méi héich ausgesinn, wéi et wierklech war.
Et hätt een ëmmer en Uspriechpartner gehat an d'Ambiance allgemeng wier ganz gutt gewiescht. "Wa mir mol e bëssen Zäit haten, da si mir och d'Géigend besiche gaangen. Déi aner Kandidaten hu mir bekannte Fastfood-Kette gewisen, wou mir och zesumme giess hunn. [...] Vill vun eis hu bis haut nach Kontakt mateneen", erzielt de Sven Charpentier.
MrBeast nawell spendabel - 7.000 Dollar fir e Fluchticket
D'Rees an den Openthalt hunn de Sven Charpentier keen Cent kascht. De Fluchticket, d'Ënnerbréngung an d'Iessen - alles gouf integral vum MrBeast a sengem Team iwwerholl. "Si hu mir souguer Kleeder kaf". De Sven hat nämlech net genuch agepaakt. Wéi hien d'Ekipp freet, wou hin sech eppes kafe kéint, ass ee vum Team him alles siche gaangen, wat hie gebraucht huet.
Wou de Lëtzebuerger um Donneschdeg beim Fechten erausflitt, kuckt hien zesumme mat de Mataarbechter vum MrBeast fir e Vol zeréck op Lëtzebuerg ze buchen. "Sich dir een eraus. Business a First-Class just, wann et keng aner Optioun gëtt", sou d'Virgabe vun hinnen. De schnellste Fluch kascht 7.000 US-Dollar. Fir de Sven vill Suen. "Ech sot, dass dat vill ze deier ass a wollt ee méi bëllegen huele mat méi laangem Openthalt. Mee si soten, et wier ok an hunn de Fluch einfach gebucht."
Wou d'Kandidate just nach zu 14 waren, hate si och d'Optioun direkt 10.000 Dollar ze kréien an opzeginn. Zwou Persounen hunn déi Offer ugeholl, déi aner hunn am Fechten weider ëm déi 250.000 US-Dollar gespillt. Uganks huet de Sven geduecht, hie géif déi 10.000 Dollar huelen a fräiwëlleg opginn, de Moment selwer entscheet hie sech dogéint a spillt weider. "Ma déi aner zwee, déi sech fir d'Suen entscheet hunn, krute se och ausbezuelt an och de Gewënner huet déi 250.000 Dollar kritt." Ma souguer de Lëtzebuerger ass net mat eidelen Hänn heemkomm. Hie krut 2.500 Dollar just fir d'Matmaachen. Déi hätt och all Participant kritt.
Allgemeng war et fir de Sven Charpentier eng ganz gutt Erfarung gewiescht an hie géif och ëmmer rëm matmaachen. "Ech hat mech elo och bei de Beast Games ugemellt, do konnt ech awer net matmaachen, well ech dann 3 Méint hat missen op der Aarbecht feelen." Déi aktuell Kritik schreckt de Lëtzebuerger net of. Hie kéint natierlech net soen, ob do eppes drun ass, hien hätt de MrBeast awer als Mënsch erlieft, deen ëmmer op der Plaz war, vill schafft a gekuckt huet, dass alles leeft. D'Participanten hätten zwar all e Kontrakt ënnerschreiwe missen an hu sech verflicht verschidden Informatiounen net ze thematiséieren, ma do wier awer näischt Dramatesches, iwwert wat hien net schwätzen dierft.