Den Tom Hecker, alias Tatta Tom, weist eis seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg. Mir treffen hien um Kierchbierg am Parc Dräi Eechelen.

D‘Emissioun Promi-Spot ass och dëse Summer zeréck. De Loïc Juchem trëfft Lëtzebuerger Perséinlechkeeten a si weisen eis hir Liblingsplazen zu Lëtzebuerg.

Am éischten Episod hu mir Rendez-vous mam Tom Hecker, deen ee virun allem als Tatta Tom kennt. Den Tom Hecker ass Vizepresident vu Rosa Lëtzebuerg an 2002 huet hien de Wee an d'Travestie-Welt fonnt. Eng vun de Rollen, an déi den Tom reegelméisseg spréngt, ass déi vum Séraphine Mirage.

RTL

D'Tatta Tom.

Awer och Travestie fir Kanner läit dem Tom um Häerzen. Reegelméisseg trëtt hien dofir also Dragqueen "Tatta Tom" op. Dëse Personnage gouf extra fir Kanner an d'Liewe geruff. D'Tatta Tom geet a Schoulen, Bibliothéiken a soss Institutiounen a liest de Kanner do Bicher vir. Am Summer 2023 gouf si national bekannt, well en ADR-Politiker hat sech dru gestéiert, datt d'Escher Bibliothéik eng Liesung vun enger Dragqueen fir Kanner géing ubidden. Dat ganzt huet eng relativ grouss Polemik ausgeléist an och vill perséinlech Haasskommentaren hunn dem Tom Hecker dës Zäit net einfach gemaach.

"Deen Hate an de Soziale Medien ass ni flott. Dat geet schonn un een. Virun allem, wann een dann och nach Morddreeunge geschéckt kritt, dann denkt een d'Welt hält elo op mat dréinen."

Den Austausch mat anere Leit hätt him gehollef, aus sou engem ellene Lach nees erauszekommen. Positiv un dëser ganzer Polemik wier awer gewiescht, datt d'Tatta Tom elo national bekannt gi wier. Soss waren et zwou bis dräi Liesungen am Joer, mëttlerweil kéint ee scho bal net méi all d'Ufroen unhuelen.

"Ech hunn déi lescht 5 Joer, wou ech elo bei d'Kanner ginn, gemierkt, datt dat einfach dee schéinste Public ass.“

D'Tatta Tom wëll hire Bäitrag dozou leeschten, d'Welt e Stéck méi schéin ze maachen, sou datt jiddereen sou ka liewen, wéi e wëll.

Awer och den Tom Hecker, d'Persoun hannert der Tatta Tom, léiere mir an dësem Episod besser kennen. Hien ass e groussen Disney-Fan an huet sech Doheem och säi klengen Disneyparadäis ageriicht. Iwwer 17 Mol war hie schonn am Disneyland zu Paräis.

"Ech schaffen och mat Schutzengelen, respektiv mat engem eegene Schutzengel. Ech kann, wann ech grad wëll a wa mäi Vis-a-vis dat och wëll, och deen een oder anere Message viruginn.“

RTL

Den Tom Hecker am Interview.

Den Tom Hecker ass och passionéiert vu Spiritualitéit. Eng Thematik, mat där hie sech vill ausernaner setzt an déi him hëlleft, duerch d'Liewen ze kommen.

Am Promi-Spot gitt Dir nach vill iwwer d'Tatta Tom an den Tom Hecker gewuer. Ënnert anerem kréie mer erzielt, wéi laang et brauch, bis datt d'Tatta Tom iwwerhaapt fäerdeg geschminkt an ugedoen ass.

De Promi-Spot leeft dëse Summer ëmmer Sonndegowes nom Journal, géint 19.20 Auer. D'nächst Woch weist de Schwëmmer Julien Henx eis seng Liblingsplaz.