Gewannt e mega VIP-Package

Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg fënnt mam Innside by Meliã Padel Cup den éischten internationale Padel-Tournoi hei zu Lëtzebuerg statt. Dëst ass dann och den éischten Optrëtt vun der Lëtzebuerger Padel-Nationalekipp, déi sech aus follgende Spiller zesummesetzt: Michel Zeniti, Tom Maquel, Ahmed Youssef, François Planchard, Mederic Thill, Elie Noe Nicolay, Céline François, Claudine Schaul, Laurence Maringer, Laure Felgen, Kelly Reiff, Walquiria Bley.
Lëtzebuerg trefft bei dësem Tournoi op d'Nationalekippen aus Moldawien, Andorra an Island souwéi op eng Regionalekipp aus dem Saarland.
D'Poule ginn en Donneschdeg ausgeloust, gespillt gëtt e Freideg an e Samschdeg jeeweils vun 10 Auer un am CK Sportcenter op der Kockelscheier. D'Finall ass fir e Samschdeg um 16 Auer virgesinn.
Am Kader vun dësem Tournoi verspillt d'Lëtzebuerger Tennis Federatioun zesumme mat RTL:
- 2 Tickets fir d'Final an d'Ofschloss-Party e Samschdeg
- mat Iwwernuechtung am Duebelzëmmer,
- Kaffi an Owesiessen um Sonndeg am Innside by Meliã
- plus e Cupra geléint fir e Sonndeg.
Fir um Gewënnspill deelzehuelen, musst Dir just follgend Fro beäntwerten:
D'Spill leeft bis de Freideg 23. August 2024.