E Samschdeg de Mëtteg war eng, net onëmstridden, Prinzessinnenhochzäit an Norwegen.

Déi eelsten Duechter vun der kinneklecher Koppel Märtha Louise gouf e Samschdeg de Mëtte mat engem US-amerikanesche Schaman a 6. Generatioun, dem Durek Verrett, bestuet.

D'Zeremonie war um 13 Auer am Duerf Geiranger am Weste vun Norwegen. Déi 52 Joer al Prinzessin gëllt an Norwegen als exzentresch. Den Durek Verrett beschreift sech selwer als Schaman a verbreet Verschwierungstheorien. Hien huet an engem Buch Kriibserkrankungen als bewosst Decisioun beschriwwen a verkeeft online ënnert anerem ganz deier Medaillonen, déi Liewe rette sollen.

Et gouf ëmmer nees Kontroversen ëm déi Zwee, ënnert anerem well d'Prinzessin hiren Titel fir kommerziell Zwecker benotzt huet. Ënnert anerem verséchert d'Prinzessin Märtha hellseheresch Fäegkeeten ze hunn a mat Engele kommunizéieren ze kënnen.

Och ronderëm d'Hochzäit gouf et Kritik. Ënnert anerem huet d'Koppel fir eng onbekannt Zomm d'exklusiv Rechter fir Biller vun der Hochzäit un d'brittesch Promi-Zeitung "Hello!" verkaaft. Den Accès fir d'norwegesch Medien ass domat staark ageschränkt. Fir eng Dokumentatioun wäert iwwerdeems eng Ekipp vun Netflix d'Hochzäit suivéieren. D'Hochzäit selwer, wéi op Fotoen ze gesinn, ass soss fir de Public komplett ofgeschiermt.

D'Märtha Louise ass déi Véiert an der norwegescher Trounfolleg. Et ass hiert zweet Bestietnis.

Medieberichter no soll Märtha Louise e wäisst Hochzäitskleed an en Diadem gedroen hunn, dat d'Prinzessin fir den 18. Gebuertsdag vu sengem Grousspapp, dem Kinnek Olav, kritt huet. De Verrett hat e schwaarze Kostüm mat gëllenem Kommerbond un. Fir d'Koppel ass dës Hochzäit dem Durek Verrett no nämlech just eng Zesummeféierung, well béid schonn eemol bestuet waren. Hien ass nämlech iwwerzeegt dass hien an engem fréiere Liewen en ägyptesche Pharao war an d'Märtha Louise war deemools seng Fra.