Am drëtten Epsiod vum Promispot hëlt d'Mariette Zenners eis dëse Summer mat op de Stauséi.

D‘Journalistin verbréngt gären Zäit an der Natur, virun allem fir Sport ze maachen.

Scho méi ewéi 30 Joer schafft d‘Mariette Zenners bei RTL. Zu Bréissel huet si Journalismus studéiert, obwuel si laang Zäit och wollt Déierendoktesch ginn. Chimie, Physik a Bio waren awer du finalement net hir Liblingsfächer. D‘Sprooche louchen dem Mariette vill besser.

RTL

Ugefaangen huet alles beim Radio. Duerch eng Annonce an enger Lëtzebuerger Dageszeitung wier si op den Job bei RTL opmierksam ginn. No engem Virstellungsgespréich ass et du lassgaangen, an den éischte Reportage war op der Schueberfouer.

Spéider huet et si de Magazin op der Tëlee presentéiert an zanter dem 10. Januar 1998 ass d‘Mariette als Presentatrice vum Journal aktiv. Mëttlerweil zielt d‘Mamm vun zwee Kanner zu den Haapt-Gesiichter vun RTL an ass Woch fir Woch bei dausende Leit doheem an der Stuff ze gesinn. Wann een zu Lëtzebuerg an de Medie wéilt schaffen, da géingen och net sou vill Alternative bléiwen a "bei RTL ze schaffen ass och bësse wéi e Virus." Eng Aarbecht déi d‘Mariette also mat immens vill Passioun mécht.

RTL

Et kann een d‘Mariette Zenners och als eng Sportskanoun bezeechnen. Heiansdo Joggen, Schwammen an awer och vill Vëlo zielt zu hire Fräizäitbeschäftegungen. Dëse Summer stoung ënnert anerem eng Vëlosvakanz an den Dolomitten um Programm. Do ginn da moies vill Kilometere gefuer an duerno beim Séi entspaant: "Nëmmen eng Vakanz, wou ech näischt maachen, dat kéint ech net." Och Zermat an der Schwäiz ass eng Plaz, déi d‘Journalistin immens gären huet, de Matterhorn kéint si stonnelaang bewonneren

Privat ass d‘Mariette e richtege Familljemënsch. Si bezeechent sech net als roueg, ma et hätt awer immens gären hir Rou. Net fir näischt verbréngt si dofir gären Zäit um Stauséi: "Ech sinn elo keent, wat muss dauernd op den Tuer an ënner vill Leit."

RTL

An der Emissioun Promispot weise bekannt Leit aus Lëtzebuerg eis dëse Summer hir Liblingsplaz a mir profitéieren dovunner, d‘Persounen och besser kennenzeléieren. No der Tatta Tom, Julien Henx an dem Mariette Zenners ass et den nächste Sonndeg um fréieren Ausseminister Jean Asselborn. De passionéierte Vëlosfuerer hëlt eis mat op en Tuer mam Vëlo a weist eis seng Liblingsplaz.