De Prënz William presentéiert sech mat neiem Look

© Henry Nicholls / AFP
Ënnert der Queen Elizabeth II. wier dat wuel net denkbar gewiescht: en Trounfollger mat Stoppelbaart an opgeknäpptem Hiem.
En Donneschdeg war de Prënz William op eng Konschtausstellung zu London invitéiert an huet sech do am "lässege Summerlook" gewisen, an zwar am Stoppelbaart. Fir den nächste Kinnek vu Groussbritannien an Nordirland ass dat schonn en ongewéinlechen Optrëtt. Normalerweis gesäit een de britteschen Trounfollger éischter glat raséiert a bis uewenhin zougeknäppt. Och dat war net de Fall an en Hauch vu Broschthoer war ënnert dem net ganz zougeknäppten Hiem ze gesinn.
Den éischte Stoppelbaart-Optrëtt vum 42 Joer ale Prënz ass et allerdéngs net. Leschte Mount scho war de William an engem Online-Optrëtt fir d'brittesch Athletinnen an Athleten op den Olympesche Spiller zu Paräis "onraséiert" ze gesinn. Am Video-Message zesumme mat senger Fra Catherine hat hie sech aus hirer Summer-Auszäit gemellt an hat vill Royals-Fans mat sengem Fräizäit-Look iwwerrascht.