Rob Kieffer, Ed Goedert, Ronald Mordiconi a Laura Scheuer
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de Mëllerdall, Oldtimer a Comics.
De Rob Kieffer beschreift a weist als Auteur a Fotograph gären d'Natur, an elo ass de Mëllerdall drun. Hien ass och bekannt duerch seng Reesreportagen an der 'Zeit' oder der 'FAZ' a war Ufank vun den 1990er Jore Chefredakter vun der Zäitschrëft 'Voilà Luxembourg'. En Numm huet hie sech awer och schonn duerch seng Publikatioun 'Luxemburg im Heissluftballon' gemaach, zu där et och eng Expo gouf, déi weltwäit gewise ginn ass. '80 Erlebnisorte - Region Müllerthal' gëtt et a 4 Sproochen a weist 140 Fotoen op 192 Säiten. www.instagram.com/kieffer.rob/

Fir déi 4t Editioun vum groussen Oldtimerrallye 'Luxembourg Classic' huet den Ed Goedert nees déi schéinsten Eckelcher vum Grand-Duché zu engem ofwiesslungsräichen Tour zesummegestallt. Zwee Deeg hunn déi international Pilote mat hiren aussergewéinleche Gefierer Zäit, fir dem Roadbook nozefueren a sech un d'Zäiten ze halen. Streng Reegelen definéieren, wien herno d'Nues virhuet, awer de Spaass um fueren, d'Gesellegkeet an déi schéin Landschaften dominéieren. https://event.motorpresse.de/luxembourg-classic-2/

De Ronald Mordiconi vu 'Comicline', dem offizielle Lëtzebuerger Comicveräin invitéiert e Samschdeg 21. September op de MangaDay 2024 zu Esch. Hien ass e grousse Sammler an huet 1998 d'Iddi gehat, e Comicveräin ze grënnen. Zesumme mam Georges Lellinger a Luke Haas gouf d'Iddi 1999 méi konkret an 2000 koum den éischten Episod vum lëtzebuergeschen Comic-Magazin eraus. Aus dem 'Cercle Comics' gouf 'Comicline', den offizielle Lëtzebuerger Comicveräin nächste Samschdeg kann een sech bei Inked Geeks mat anere Fans austauschen. www.comicline.lu

D'Laura Scheuer versicht bei 'Top Dog' um däitschen RTL mat hirem Mupp 'Erou' dëse Freideg an d'Final ze kommen. Schonn als Kand huet d'Laura sech wéi vill Kanner en Hond gewënscht. Mat 11 Joer ass de Wonsch an Erfëllung gaangen an dat huet déi jonk Fra markéiert, well zanterdeem spillt 'Agility' eng wichteg Roll a kascht vill Zäit. Aktuell leet d'Laura en Déierenasyl a Rumänien an hat schonn 40 Hënn a Fleeg. Den Owend weist si, wat ee mat vill Training engem Hond alles bäibrénge kann a moosst sech mat ville Konkurrenten op der däitscher Televisioun.
www.instagram.com/lauraashelter/
