Stefan Raab verléiert Boxmatch géint Regina Halmich an annoncéiert Comeback

© MATTHIAS BALK DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
No senge Néierlag géint déi fréier Boxweltmeeschterin Regina Halmich huet de Stefan Raab säi Comeback als Showmaster annoncéiert.
E Samschdeg den Owend ass den däitschen Entertainer a Moderator Stefan Raab zu Düsseldorf fir d'drëtte Kéier géint déi fréier Boxweltmeeschterin Regina Halmich an de Ring geklommen. Dobäi war de 57 Joer ale Raab der Regina Halmich sportlech däitlech ënnerleeën. Um Enn gewënnt déi fréier Profi-Boxerin no Punkten. Dobäi kënnt nach, dass de Raab sech beim Kampf méiglecherweis eng Rëpp gebrach huet, sou d'Spekulatioun vun engem vun de Ring-Dokteren.
Ma de gréissten Applaus vum Owend sollt et um Enn trotzdeem fir de Stefan Raab ginn. Nom Match huet hien nämlech annoncéiert, dass hien deemnächst nees wäert virun der Kamera stoen. Schonn um 20.10 Auer d'nächste Mëttwoch soll d'Premiere vu senger neier Show "Du gwinnst hier nicht die Million bei Stefan Raab" sinn. Dës wäert allerdéngs net um Fernsee, mä exklusiv op der Streaming-Plattform "RTL+" lafen. An der Serie kënnen d'Kandidaten all Woch eng Millioun Euro gewannen, wa si sech an enger Rei Quizzer a Spiller géint de Raab duerchsetzen.
Ma de Stefan Raab soll an Zukunft och nees op der regulärer Tëlee ze gesi sinn. Et solle verschidde Sendunge geplangt sinn, déi jeeweils um 20.15 Auer sollen diffuséiert ginn. Déi éischt Emissioune sollen Enn dës Joers diffuséiert ginn.
Zum Grond vu sengem Comeback sot de Moderator, dass RTL him eng Offer gemaach hätt, déi hien net hätt kéinte refuséieren. Et wier him wichteg, bei senger Aarbecht eng gewësse Fräiheet ze hunn.
De Stefan Raab hat 2015 annoncéiert, sech als Entertainer zeréckzezéien a sech op d'Aarbecht an der Produktioun ze fokusséieren. Schonn am Virfeld vum Boxmatch géint d'Regina Halmich hat et Spekulatiounen iwwer e Comeback ginn.