Viru gutt enger Woch hat d'brittesch Prinzessin Kate annoncéiert, dass hir Chemotherapie eriwwer wier.

Elo hat d'Fra vum britteschen Trounfollger hiren éischten offizielle Rendez-vous. Wéi "The Times" mellt, hat d'Kate um Schlass Windsor eng Entrevue mat Bildungsexperte vum Centre for Early Childhood vun der Royal Foundation, der Stëftung vun der Prënzekoppel.

Viru gutt enger Woch hat d'Prinzessin Kate annoncéiert, dass hir Chemotherapie iwwerstane wier. An engem Video huet si dovu geschwat, wéi "eng Erliichterung et wier, endlech d'Chemotherapie ofgeschloss ze hunn". Et wier nach e Wee ze maachen, bis si komplett geheelt an nees gesond wier, si wier awer frou, nees kënnen ze schaffen an ëffentlech Optrëtter ze hunn.

Am Mäerz war d'Kriibserkrankung och schonn an engem perséinleche Videomessage public gemaach ginn. D'brittesch Prinzessin stoung mat hirer Krankheet net eleng do, de Kinnek Charles III. gëtt aktuell och nach wéinst Kriibs behandelt. D'Krankheet war am Ufank dëst Joer no enger Operatioun un der Prostate festgestallt ginn. No enger Ënnerbriechung vun dräi Méint huet de brittesche Kinnek nees ëffentlech Rendez-vouse wouergeholl. Wéi eng Aart vu Kriibs et wier, gouf bei béide Royals net matgedeelt.