Mat ë.a. der Emma Rose Schomakers, dem Pierre Thevenoux an dem Alberto Caicedo
E Freideg am Planet goung et ëm Musek, Filmer, Comedy a Reesen.
D'Emma Rose Schomakers war am Jury vum "Goldener Spatz", den Oscare bei Kannerproduktiounen. Wärend néng Deeg goung et drëms, déi bescht däitsch Filmer ze priméieren. 32 Memberen aus néng Länner hu sech hir Aarbecht net liicht gemaach a bis zu 12 Filmer den Dag gekuckt. Interessant war och den Abléck hannert d'Kulissen an déi vill nei Bekanntschaften hunn dem Emma Rose besonnesch gutt gefall. Vill Opreegung gouf et um Dag vun der Präisiwwerreechung, an d'Lëtzebuergerin huet de Präis fir de Film vum Checker Tobi iwwerreecht.

De Comedian Pierre Thevenoux aus dem Jamel Comedy Club kënnt an enger Woch mat senger one-man-show op Mondorf. E Samschdeg 28. September ass hien am Chapito vum 'Casino 2000' a schwätzt iwwer Gott an d'Welt an Dauwen. Alles Themen, déi op den éischte Bléck vläicht net sou spannend wierken, bis de Pierre d'Sujeten een nom aneren op seng Manéier upaakt. Ganz ënnert dem Motto 'Pierre est marrant… normalement' dierf ee sech op en amusanten Owend freeën, sou änlech wéi zu Montreux oder Paräis.

De Multi-Instrumentalist Alberto Caicedo ass nees aktiv op der Bün an huet neit Material prett. Am Mee huet hien seng Single 'La luna fue testigo' erausbruecht, am Juli stoung hien no 12 Joer Paus mat senger eegener Band live op der Bün bei der Deluxenight vum "Echterlive Festival". Am August ass hien a Kolumbien gereest, wou hien am eegene Studio 3 vu senge Salsa Lidder opgeholl huet. An d'nächst Joer bleift hien fläisseg. Am Abrëll 2025 kennt säin 3. Salsa Album "Horizontes" eraus, wou een nei Kompositiounen an och Arrangementer vu bekannte Stécker drop fënnt.

Den David Matgé an d'Myriam Gessner hunn de 15. August 2021 Lëtzebuerg de Réck gedréit a sinn zanter 3 Joer an der Welt ënnerwee. Däitschland, Schwäiz, Italien, Kroatien, Albanien, Montenegro, Nordmazedonien stoungen um Ufank op der Route. Mat hirem Jeep hu se entretemps 105.000 Kilometer erof an hu schonn 36 Länner entdeckt. Op véier Kontinenter hu se zesumme vill Schéines erlieft a sinn awer och schonn op munch Problemer gestouss. Ugangs hate se sech zwee Joer "Congé sans traitement" gefrot, awer déi Period hu se elo mol ëm zwee Joer verlängert.
