De Poopst Franziskus gouf ënnert dem Numm Jorge Mario Bergoglio gebuer. De 17. Dezember 1936 koum hien zu Buenos Aires an Argentinien op d'Welt.

Hie war dat eelst vu 5 Kanner. Seng Eltere waren italieenesch Immigranten. Mat 21 Joer ass de Jorge Mario dem Jesuiten-Uerde bäigetrueden. Hien huet eng Ausbildung an der Chimie gemaach a Studienofschlëss an der Philosophie an Theologie. 1969 gouf hie Paschtouer. Duerno sollt et nach bal 43 Joer daueren, bis en zum Poopst Franziskus ernannt gouf.

Hie war den éischte Poopst aus Latäinamerika, den éischten Net-Europäer zanter méi wéi 1.200 Joer, deen éischten, deen zum Jesuiten-Uerde gehéiert an et war déi éischte Kéier no 100 Joer, datt e Poopst nom Récktrëtt an net nom Doud vu sengem Virgänger, un d’Spëtzt vun der kathoulescher Kierch gewielt gouf.

Villes war nei oder anescht, wéi am Mäerz 2013 den neie Poopst bekannt gouf.

De Jorge Mario Bergoglio ass an Argentinien opgewuess an huet och do seng éischt Priedegte gehalen. Hie war Paschtouer, Jeusiteprovinzial an Direkter vun enger theologescher Héichschoul. 1998 gouf en zum Äerzbëschof vu Buenos Aires an 3 Joer méi spéit zum Kardinol ernannt.

No sengem Amtsuntrëtt als Pontifex huet sech de Poopst Franziskus eng "aarm Kierch fir déi Aarm" gewënscht an dat och sou virgelieft. Hie gëllt als bescheiden, huet vun Ufank un op Luxus verzicht an zum Beispill léiwer am Gäschthaus am Vatikan gewunnt. Hien ass e Poopst fir unzepaken, no bei de Leit, de Jonken an Aarmen. De Poopst Franziskus setzt sech fir sozial Gerechtegkeet an. Eng vu sengen éischte Reesen als hellege Papp goung 2013 op d’italieenesch Insel Lampedusa fir op de Misär vun de Flüchtlingen aus Afrika opmierksam ze maachen.

Hie steet och fir den interreliéisen Dialog an huet als Chef vun der kathoulescher Kierch scho vill Vertrieder vun anere Glawensgemeinschafte getraff.

Bannent den éischten 10 Joer vu senger Amtszäit ass de Poopst Franziskus 40 Mol an d’Ausland gereest an huet dobäi weltwäit 60 Länner besicht. Säi Gesondheetszoustand ass mam héijen Alter méi schlecht ginn. Wéinst Knéiproblemer ass en zanter e puer Joren op e Bengel an entretemps e Rollstull ugewisen. Hie gouf e puermol um Daarm operéiert a stécht och Erkältungen net méi sou einfach ewech.

An trotzdeem ass de Poopst Franziskus mat 87 Joer dëse Summer seng längste Rees ugetrueden. 12 Deeg war hien a Südostasien an Ozeanien ënnerwee.

Hien ass e moderne Pontifex, deen ëmmerhi méi wéi 18 Millioune Follower op enger bekannter sozialer Plattform huet. Obwuel en, wéi et heescht, privat all Ecrane géif vermeiden, encouragéiert den hellege Mann d’Leit, déi digital Medie kreativ ze notzen, fir positiv Wäerter ze verbreeden. Allerdéngs sollt ee sech net am virtuelle Liewe verléieren. Et wier wichteg, direkt a mënschlech Bezéiungen ze fleegen.