E Freideg goung et ëm d'Fotografie, d'Schauspillerei, dem beléifte Spill "Cornhole" an der däitscher Band Jupiter Jones.

De Fotograf Marc Schoentgen huet dem Poopst en Donneschdeg säin neit Buch an d'Hand gedréckt. Heiranner geet et ëm d'Geschicht vum Votivaltor deen all Joer wärend der Oktav an der Kathedral ze gesinn ass. Et ass dat 7. Buch dat hien bannent zéng Joer erausbruecht huet. Bekannt gouf hien duerch Publikatioun wéi "Vun der Rief zum Wäin", déi groussherzoglech Residenzen an e Buch iwwer "125 Joer Dynastie Lëtzebuerg-Nassau". Besonnesch houfreg ass den Auteur, dass de Grand-Duc Henri hien zum "Chevalier de l'Ordre du Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau" ernannt huet.

RTL

D'Actrice Tatjana Clasing huet no 18 Joer "Alles was zählt" nach ëmmer grousse Spaass un hirer Roll, dobäi kann ee si och reegelméisseg an anere Formater entdecken an hir Villsäitegkeet als Schauspillerin bewonneren. Egal op am "Tatort", bei "Balko" oder am "Soko Köln" konnt een hier Bandbreet gesinn, awer bei "Alles was zählt" spillt si d'Simone Steinkamp mat sou enger besonnescher Iwwerzeegung, dass ëmmer nees Leit op der Strooss si mat der Roll verwiesselen.

RTL

De Jacques Federspiel stellt eis d'Reegelen vu Cornhole vir. Dëse Weekend ass an de Caves du Sud zu Rëmerschen en internationalen Tournoi op deem 10 vun de beschte Spiller aus Europa sech matenaner moossen. Dass dës Sportsdisziplin mam Säckelchen, deen een an e Briet mat engem Lach schéisse soll, iwwerhaapt zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst huet, ass engem Zoufall ze verdanken. En Trip an Amerika an d'Pandemie si Schold, dass ee sech elo op playcornhole.lu fir d'Trainingen zu Biermereng umelle kann.

RTL

"Jupiter Jones" hunn en Donneschdeg Loscht op e gemittleche Concert zu Diddeleng. Den 3. Oktober sinn si "Opderschmelz". No der Tour ass virun der Tour soen d'Museker sech a fir kuerz erofzekommen a sech vun där enger Tournée erhuelen ze kënnen, wëll d'Band aus der Äifel sech et gemittlech maachen. No der '"DIE SONNE IST EIN ZWERGSTERN-TOUR" preparéiere si sech op d'"LEISE, TÄTOWIERTE, MITTELALTE TYPEN-TOUR“. Um Programm Lidder aus 21 Joer déi ënnert d'Haut ginn. Zwou Gittaren, ee Piano a fäerdeg. Dat muss duer goen.

RTL