Jorelaang huet de Peter Zwegat bei eisen däitschen Nopere Leit a prekäre Situatioune gehollef, fir vun hire Scholde lasszekommen.

Wéi d'Kolleege vum däitschen RTL matgedeelt hunn, ass de Fernseestar schonn den 9. August "onerwaart" gestuerwen. Wéi et weider heescht, géif ee mam Peter Zwegat eng Persoun verléieren, déi ëmmer Matgefill a Versteesdemech gewisen huet. Vum RTL-Chef fir Ënnerhalung Markus Küttner heescht et, de Peter Zwegat hätt "mat sengem aussergewéinlechen Engagement a senger Wäermt vill Mënsche gehollef, fir hiert d'Liewen nees an de Grëff ze kréien". Weider huet de Küttner der Fra vum Peter Zwegat esou wéi senge Frënn säi Bäileed ausgeschwat.

Bekannt gouf den Zwegat duerch d'Emissioun "Raus aus den Schulden", déi zanter 2007 um däitschen RTL gelaf ass. Hien huet Leit ënnert d'Äerm gegraff, deenen hir Finanzen hinnen iwwert de Kapp gewuess sinn. De Beamten a Sozialpedagog war dofir bekannt, datt hie sech fir seng Clienten agesat huet an och emol méi haart Wierder fonnt huet, wann et néideg war. Et goufen eng 140 Episoden produzéiert.

Zu Éiere vum Peter Zwegat ännert RTL säi Programm um Méindeg op RTLUp an RTL+ an e Samschdeg gi vun 13:05 Auer verschidden Emissioune vu "Raus aus den Schulden" op RTL an op RTL+ ausgestraalt.