E Freideg goung et ëm Tennis, Motivatoren a frëschgebake Moudendesigner.

D'Dan Maas ass Häerz a Séil an déi dreiwend Kraaft hannert de 'Luxembourg Ladies Tennis Masters'. Vum 17 bis 20ten Oktober gi sech am Gymnase vun der Coque nees weltbekannten Tennisdammen Rendez-vous a spillen ëm e Präisgeld vun 110.000.- €. Nom Anett Kontaveit d'lescht Joer sinn et eleng 4 Nimm aus den Top 10 déi um Terrain ënnert sech ausmaachen wien d'Nofolleg iwwerhuelen. Schéinen Tennis verspriechen d'Martina Hingis, Ana Ivanovic, Dominika Cibulkova, Flavia Pennetta, Andrea Petkovic, Kirsten Flipkens, Magdalena Rybarikova a Laura Robson

www.luxembourg-ladies-tennis-masters.com

RTL

Den Detlef D Soost kennt een ea als Jury bei 'Popstars' elo ass hien och Motivator op der Bün fir jiddereen. Aner Formater wou een hien konnt gesinn waren 'Das grosse Promibacken', 'Schlag den Star' oder als Coach bei 'The Biggest Loser. An der 17ter Staffel vun 'Let's dance' huet hien dëst Joer mam Ekaterina Lenova matgemaach an eng excellent 3ten Plaz beluecht. Zu Lëtzebuerg kann een hien en Dënschdeg um 17h30 am Amphitheater vun der Coque bei 'Let's talk' gesinn wou och d'Amira Aly zougesot huet.

www.detlef-soost.com

RTL

De Chris Baris huet sech als Influencer e Numm gemaach an elo versicht hien sech als Fashion Designer. Bis ewell huet hien éischter fir grouss Firmen Produiten presentéiert an elo huet hien seng eegen T-Shirten an Hoodien designt. Beim Choix vu senge Motiver huet hien sech vill Gedanken gemaach an hofft elo, dass seng Moud ukënnt. En éischten Test gëtt et en Donneschdeg am 'Aquasud' zu Déifferdeng bei engem groussen Moudendefilé mat anere Createuren wou d'Modellen och seng Kleeder virféieren a gläichzäiteg fir den 'Octobre rose' sensibiliséieren.

www.instagram.com/chris_baris

RTL