Andrea Petković, Elena Labalestra a Robert Petry
E Freideg goung et ëm Tennis, Zeechentrick an eng Rees am Unimog.
D'Andrea Petković weist vill Gefill mat der Tennisrackett a fënnt och déi richteg Wieder an hire Bicher. Aktuell spillt si bei de "Luxembourg Ladies Tennis Masters" an der Coque um Kierchbierg, awer parallel huet si och hiert zweet Buch erausbruecht huet. D'Tennisspillerin, déi an hirer aktiver Zäit 7 WTA-Tournoien am Eenzel fir sech entscheet huet, konnt no hirem éischte Buch "Zwischen Ruhm und Ehre liegt die Nacht" mat Erzielungen, noleeën. Hei verschafft si de grousse Broch an hirem Liewen, nodeems si dem Profisport Äddi gesot huet a geet existenzielle Froen no, déi mer alleguerte kennen, wann et grouss Changementer an eisem Liewen gëtt.
D'Elena Labalestra huet vu Kand u gezeechent a fir hir Zeechentrickfilmer gëtt se vill gelueft. D'Kreativitéit huet si warscheinlech vun hirem Papp geierft, dee sech e gudden Numm an der Zen vun den Dokumentatioune gemaach huet. Am Lycée war d'Elena op der Konschtsektioun, huet e BTS an Dessin d'Animation ofgeschloss an e Stage am Animatiounsstudio Fabrique d'Images gemaach. D'Resultat war de Film "In Frame", dee si mat hirer Klass realiséiert huet an elo huet si sech ënnert anerem am Videoclip "Nous sommes les hommes" vum Serge Tonnar veréiwegt, deen ee Sonndeg um Dikrecher Filmdag eng Chance op e Präis huet.
De Robert Petry hänkt sou u sengem Unimog, dass en och mat him op den Nordkap an zréck war. 7.400 km hu si vum 3. Juni bis 27. Juli 2022 zesummen zréckgeluecht, ouni Hotel, Internet oder enger Garage fir den Unimog. Dass dat kee Spadséiergang war, erkläert schonn, dass hien 130 km pro Dag gemaach huet. Den Handy war just fir den Noutfall a sou huet hien intensiv vun de schéine Landschaften an den interessante Bekanntschaften ënnerwee profitéiert. Am faarwege Buch "Nordkap" mat ville Fotoen an e puer Explikatiounen, gëtt d'Aventure Revue passéiere gelooss.