De Palais gëtt am Oktober scho fir Chrëschtdag gerëscht? Jo, mä dat awer just provisoresch an aus engem ganz spezielle Grond.

Nee, et gëtt um Haff net virgefeiert an Dekoratioun gëtt och erëm ofgebaut. Mä et ass scho speziell, wann ee schonn am Oktober matten an engem festleche Kader steet. Net ouni Grond awer hu se am Palais e gudde Strapp virun de Feierdeeg schonn d’Bullen op de Beemche gehaangen an d’Girlanden un d’Fonkele bruecht.
 
Dat Ganzt gouf gemaach fir en Enregistrement fir Tëlee, déi am Kader vum Grand-Duc senger Joresusproch un d'Lëtzebuerger Vollek op Hellegowend diffuséiert gëtt. Fir d'Ried an der richtegen an och méi festleche Kader ze setzen, geet d’Maison du Grand-Duc esou wéi déi leschte Joren och schonn op de Wee vun engem musikaleschen Encadrement.
 
Nom Kannerchouer Pueri Cantores 2022 an dem Orchester de Chambre du Luxembourg dat lescht Joer waren et dëst Kéier un der Maîtrise Saint-Cécile, dem Chouer aus der Kathedral Notre-Dame. Den Ensembel vun hei insgesamt 37 Fraen a Männer hu mat hire Stëmmen a mat der musikalescher Begleedung vun der neier Uergel aus der Kathedral déi richteg festlech Stëmmung gezaubert, fir d’Ried vun eisem Staatschef anzeleeden. Traditionell ass de Wilhelmus an och d’Heemecht gesonge ginn.

Dem Grand-Duc seng Ried selwer gëtt allerdéngs réischt kuerz virun der Diffusioun opgeholl, an déi ass dann op Hellegowend op all de Medie vun RTL ze gesinn.