Theresa Baumgärtner, Dominik Eulberg, Sébastien Wilem a Rohan van Riel
E Freideg goung et ëm Kachen, Natur, Dauchen an Driften.
D'Theresa Baumgärtner ass eng passionéiert Kächin an iwwerrascht eis am neiste Buch mat engem "Velvet Winter", dofir ass si an d'Universitéitsstad Oxford gereest an huet sech an de brittesche Cotswolds ëmgekuckt an inspiréiert. Déi bekannt TV-Kächin, déi eis déi lescht Jore vill Kach- an Dekoiddie mat op de Wee ginn huet, wollt dëst Joer emol verdreemten Dierfer gesi mat klengen Haiser aus Steen an engem schéine Kamäi bannenan. An esou gëtt aus dem Wanter déi romanteschst Zäit vum Joer, an där ee sech et mat guddem Iessen an Drénke gemittlech maache kann.
www.theresaskueche.de
Den Dominik Eulberg wëll engem d'Schéinheete vun der Natur méi no bréngen a kënnt den 22. November an den Athénée. Den Auteur vu Bicher wéi "Von Angesicht zu Angesicht", "Mikroorgasmen überall" an "Tönende Tiere" huet awer och scho Kaartespiller erausbruecht. Nom Motto "Die Natur ist die grösste Künstlerin von allen" kënnt hie mat senger Show och den 22. November op Invitatioun vum Nationalmusée fir Naturgeschicht op Lëtzebuerg, fir eis d'Natur mat hire schéinste Säiten ze weisen, parallel zur Expo "Tönende Tiere" am MNHN am Gronn.
www.dominik-eulberg.de
Dem Sébastien Wilem seng Leidenschaft ass dauchen an Hielen, an am Summer war hien op 230 Meter an der Déift. Dem Extremdaucher geet et drëms, fir op grouss Expeditioun ze goen an onbekannten Terrain kënnen ze léieren. Mat dem speziellen Equipementer ausgerëscht, sinn hien a seng Kolleege vum "Sub Aqua Club Wolz" ëmmer op der Sich no flotte Plazen an aussergewéinlechen Objeten, déi a Vergiessenheet gerode sinn, wéi al Leederen, verraschten Buggyen oder verdreckste Schubbkaren.
www.instagram.com/sebwilem/
De Rohan van Riel ass Drifter an aktuell op FIA-Motorsport-Games zu Valencia. Scho mat 14 Joer huet hie seng éischt Versich am Drifte gemaach. 2005 war hie scho beim Tuner GP um Hockenheimring derbäi an domadder war den Ufank vun enger weltwäiter Karriär gemaach. Ënnert anerem huet hien 2012 d'Baku Driftchallenge am Aserbaidschan gewonnen, awer och soss kann hien op schéi Victoiren zréckkucken. Reegelméisseg ass hie bei der "International Motor Show" an der LuxExpo, mee aktuell ass hie mat 10 Piloten zu Valencia bei de "FIA Motorsport Games.
www.instagram.com/stories/rohanvanriel/