Marc Steichen, Teun Toebes, Christophe Betzen a Steve Lentz
E Freideg goung et ëm Fotografie, Mënschlechkeet, Waarmloftballon a Kachen.
De Fotograf Marc Steichen huet 132 Fotoen aus der Natur a säin Buch '"Elements of Nature" gepaakt. Virdru war hie schonn an diverse Bicher, Kalenneren a Publikatioune mat sengen aussergewéinleche Momentopnamen iwwer Déieren an d'Natur ze bewonneren, ënnert anerem beim "BBC Wildlife Magazine" oder "Säugetiere Luxemburgs". Hien ass an der Natur grouss ginn, mat 15 huet hie säin éischte Fotoapparat kaaft an am Laf vun de Joren huet hie sech ëmmer verbessert. Aktuell ass hien de President vun de Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn. www.marcsteichen.com
Den Teun Toebes ass mat 21 Joer vu sech aus an e Fleegeheem fir dement Leit geplënnert, fir eppes z'änneren. Als Soignant wollt hien eppes géint déi aktuell Situatioun ënnerhuelen an huet en anere Wee ageschloen. Iwwer seng Erfarungen huet hien e Buch geschriwwen: "Der Einundzwanzigjährige, der freiwillig in ein Pflegeheim zog und von seinen Mitbewohnern mit Demenz lernte, was Menschlichkeit bedeutet". D'Buch gouf an Holland e Bestseller an ass entretemps verfilmt ginn. De Film "Human forever" gouf och schonn mat Präisser iwwerheeft a bewierkt en Ëmdenken.
www.instagram.com/teuntoebes/
www.teuntoebes.com/de/dokumentarfilm/
De Christophe Betzen fënnt et net just schéin am Waarmloftballon, mee moosst sech och gär mat der Konkurrenz. Reegelméisseg gi Weltmeeschterschaften organiséiert, un deene Lëtzebuerg participéiert. Fir de Ballonsschäin ze maachen, brauch een ënner anerem 6 Fächer Theorie a 15 praktesch Stonnen ier een fir den Examen zougelooss gëtt. 15 aktiv Pilote gëtt et momentan am Grand-Duché, déi sech vun Abrëll bis Oktober freeën, fir fréi moies oder owes, ier d'Sonn ënnergeet, d'Welt vun uewen ze gesinn.
www.balloonclub.lu
De Steve Lentz ass beim "Global Chefs Challenge" zu Singapur de Gewënner an der Kategorie vegan Kichen ginn. Den Enseignant aus der Hotelschoul zu Dikrech huet zesumme mam Lucas Andrieux 3 planzebaséiert Gäng gezaubert a sech bei der internationaler Konkurrenz duerchgesat. Am Ganze ware 40 Duoen a 4 verschiddene Kategorien ugetrueden. De Steve kennt sech an der planzebaséierter Kichen aus, well hien huet och schonn zesumme mat der Kächin Carole Goerend e Kachbuch zu deem Thema erausbruecht.
www.instagram.com/vatel.luxembourg/
www.ehtl.lu