Dem Heidi Klum seng Halloween-Party zu New York, gëllt als déi exklusivsten op der Welt.

All Joer waart d'Boulevard-Press gespaant drop, a wéi engem Kostüm d'Model optriede wäert. Ma fir dëst Joer huet d'Heidi Klum sech fir e Klassiker vun der Filmgeschicht decidéiert. Si an hire Mann Tom Kaulitz waren allebéid als ET verkleet. Dem Heidi seng Duechter Leni ass iwweregens och als Alien op d'Party gaangen, an dem Tom säi Brudder Bill war direkt eng ganz Galaxie.

Klickt Iech hei duerch déi beschte Kostümer vum Owend