Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf den 11. November 1981 gebuer an ass dëst Joer offiziell zum Lieutenant-Représentant ernannt ginn.

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass dat eelste Kand vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Henri. Hien ass zanter dem 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn an ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet.

Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt. Säi klenge Brudder Prënz François, dee mat ganzem Numm François Henri Louis Marie Guillaume heescht, koum de 27. Mäerz 2023 op d'Welt.

Dëst Joer war dann e weidert grouss Evenement fir de Prënz Guillaume. Nodeem säi Papp de Groussherzog Henri op Nationalfeierdag annoncéiert hat, den Ierfgroussherzog zum Lieutenant-Représentant ze maachen, war dunn den 8. Oktober esou wäit: An der offizieller Zeremonie krut den Ierfgroussherzog dësen Titel an dierf elo säi Papp offiziell op allen Niveaue vertrieden.