John Krasinski ass "Sexiest Man Alive" 2024
Hie selwer soll geduecht hunn, datt hie veräppelt gëtt, wéi hien d'News krut. Seng Fra Emily Blunt dogéint wier begeeschtert gewiescht.
All Joer ernennt de People Magazin de "Sexiest Man Alive". Dëst Joer ass d'Wiel op de Schauspiller John Krasinski gefall. De Schauspiller selwer huet dës Annonce ganz komesch opgeholl. "En direkte Blackout. Null Gedanken", zielt hien dem "People Magazine" am Interview. Eenzege Gedanke war du wuel "Ech gi veräppelt". Weider huet hien de Geck gemaach a gesot, datt hie moies erwächt wier a sech d'Fro gestallt huet, "ginn ech haut zum Sexiest Man Alive gewielt". A kuerz drop hätte sech d'Leit vum People Magazine bei him gemellt.
Vill Leit kennen de Krasinski aus senge verschiddenste Rollen, wéi aus der Kult-Serie "The Office", als Geheimagent "Jack Ryan" oder aus den Horror-Thriller "A Quiet Place". Privat ass de 45 Joer alen Acteur e Papp an e bestuete Mann, dee gären op Netflix Dokumentatioune kuckt an de Kanner Geschichte virliest.
Zanter 14 Joer ass hie mat der Actrice Emily Blunt bestuet an d'Koppel huet zwee Meedercher, 10 an 8 Joer al, zesummen. Seng Fra wier dann och begeeschtert driwwer gewiescht, wéi hien hir dës News matgedeelt huet. Si huet esouguer gesot, datt, sollt et wouer sinn, si d'Haus mat der Coverfoto vum "People Magazine" géif dekoréieren.

De Cover vum People Magazine / © Julian Ungano
A gudder Gesellschaft
Ëmmer nees ginn Hollywood-Acteure zum "Sexiest Man Alive" gekiert. Dat lescht Joer war et de Patrick Dempsey, bekannt aus der Serie "Grey's Anatomie" wou hien den Dr. Derek Sheperd als McDreamy gespillt huet. Déi Jore virdru waren et d'Marvel-Acteure Chris Evans (2022), Paul Rudd (2021) a Michael B Jordan (2020). 2019 war et de Sänger John Legend, 2018 den Acteur Idris Elba an 2017 de Coutry-Sänger Blake Shelton. 2016 goung den Titel un den Dwayne "The Rock" Johnson an dat Joer virdru war et de fréiere Futtballer David Beckham.