Brittesche Kinnek Charles III. feiert Gebuertsdag

© POOL/AFP/Alberto Pezzali
Et war keen einfacht Joer fir de brittesche Kinnek, bei deem am Februar Kriibs festgestallt gouf.
Dofir hat den Charles seng Aarbecht och fir iwwer zwee Méint op Äis geluecht, fir sech traitéieren ze loossen. Am Abrëll vun dësem Joer war hien nees op der Aarbecht an am Oktober huet hien zesumme mat senger Fra Camilla nees ugefaangen, Auslandsreesen ze maachen.
A leschter Zäit huet hie sech och nees méi dacks an der Ëffentlechkeet gewisen, dat ënner anerem leschte Samschdeg, wéi hien zesumme mat senger Fra, sengem Jong William an deem senger Fra Kate, déi selwer rezent d'Traitement géint de Kriibs hannert sech bruecht huet, op engem Benefizconcert war.
Fir säi Gebuertsdag selwer wäert de Monarch sech net fräihuelen. E gëtt, wéi traditionell a Groussbritannien, mat zeremonielle Schëss gefeiert.