Si war déi eelst Adeleg vum Land an den eelsten nach liewende Member vun der japanescher Keeserfamill: Mat 101 Joer ass d'Prinzessin Yuriko elo gestuerwen.

D'Prinzessin Yuriko vu Japan ass e Freideg de Moie japanescher Zäit am St. Luke Spidol zu Tokio verstuerwen, wéi de keeserlechen Haff matgedeelt huet. Schonn am Mäerz war d'Prinzessin wéinst engem liichten Hierinfarkt an d'Klinik agewise ginn.

Gebuer gouf d'Yuriko 1923. No hiren Etüden un der Gakushuin-Fraenakademie zu Tokio hat si mat 18 Joer de Prënz Mikasa, de jéngste Brudder vum Keeser Hirohito, bestuet. Déi zwee ware 75 Joer laang bestuet an hate fënnef Kanner, vun deene schonn dräi dout sinn. Hire Mann, de Mikasa, ass 2016 mat 100 Joer duerch en Häerzstëllstand gestuerwen. Hir lescht Joren huet d'Yuriko zeréckgezunn am Palais Akasaka zu Tokio gelieft.