Sandrine Cantoreggi, Florian Salzinger, Lynn Kunnart an den Télévie 2025
An der Emissioun um Freideg goung et ëm eng Violistin, BMX-Fueren, Popart an den Télévie 2025.
D'Sandrine Cantoreggi ass als Violonistin op der ganzer Welt bekannt an den 23. November spillt si bei de 'Rainy Days' an der Philharmonie. D'Musekerin, déi ënner anerem zu Paräis, Mannheim an an der 'Chapelle Musicale Reine Elisabeth de Belgique' studéiert huet a schonn e puer Disken erausbruecht huet, zum Beispill fir d'Deutsche Grammophon (2023) mat Wierker vun der franséischer Komponistin Mel Bonis. Déi nei Presidentin vu Kammerata ass de 26. November mam Lëtzebuerger Kammerensembel am Kader vun de 'Rainy Days' an der Philharmonie fir LIVE-Musek op de Film 'Man with a moving camera' an deen Dag drop am Duo an enger ongewinnter Formatioun Gei mat Zymbalum. www.sandrinecantoreggi.com

De Florian Salzinger ass den Directeur administratif vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun a freet sech, dass muer d'EM am 'BMX Freestyle Flatland' zu Bouneweg an de Rotondë gefuer gëtt. De BMX huet eng grouss Communautéit am Grand-Duché an elo gëtt eist Land och international op den Tableau bruecht. 14 Männer a 6 Fraen moosse sech vun 18h u mateneen an een Numm dierf do net feelen, de Viki Gomez, fréiere Weltmeeschter am BMX Freestyle Flatland, deen hei zu Lëtzebuerg lieft. Qualitéit ass garantéiert mat den respektiven Europameeschter vum leschter Joer. Offiziell UCI Riichter jugéieren iwwer d'Schwieregkeet vun den Übungen op d'Musek vun engem DJ an definéieren déi Bescht an all Kategorie. www.rotondes.lu/de/agenda/uec-bmx

D'Lynn Kunnart moolt am Stil vum 'Pop Art' a fir den Télévie huet d'Kënschtlerin elo eng Rëtsch Promien op der Toile veréiwegt. No der Gebuert vun hirem Fils am Februar huet si dëst Joer de grousse Schratt gemaach an aus engem Hobby gouf de Beruff. Wat mat engem Gipsofdrock vun engem Béierbauch ugefaange huet, ass elo e gutt Stéck méi professionell an huet aner Ausmoossen ugeholl. De Mark Wahlberg, Dieter Bohlen, Pietro Lombardi a Samu Haber sinn scho mat Faarf a Pinsel festgehale ginn an elo si Lëtzebuerger Gréisste wéi Andy a Fränk Schleck, Dylan Pereira, Gilles Muller, Bob Jungels a Mandy Minella um Tour, deenen hir signéiert Biller den 23. November an der Belle Etoile versteet ginn. www.kunnart.com

Vun haut u sinn et nach 161 Deeg bis bei den Télévie 2025, dofir ass et haut e gudde Moment fir déi nei Télévie-Zentren kennen ze léieren, déi de 26. Abrëll an hirer Gemeng a ronderëm Reklamm fir den Télévie maachen. Et geet drëms, flott Manifestatiounen z'organiséieren fir Suen fir d'Recherche géint de Kriibs ze sammelen. No Mäertert/Waasserbëlleg, Habscht a Noumer huelen 3 nei Gemengen d'Relève a versichen voller Motivatioun, d'Sammelbéchs ze fëllen. Käerch, Dippech a Schengen iwwerhuelen, zesumme mat eisem 'Centre permanent' Rodange, deen zanter der éischter Stonn vum Télévie zu Lëtzebuerg derbäi ass. www.televie.lu
