Mat "Stand Speak Rise Up!" zesumme fir weiblech Affer vu Gewalt
Zënter dem 15. November 2024 gëtt et eng De Havilland Q400 Maschinn, registréiert ënner LX-LGF, déi an deem Kontext verschéinert gouf.
Gewalt géint Fraen kennt keng geographesch, demographesch oder sozial Grenzen a ka souwuel jonk Meedercher, wéi och erwuesse Fraen treffen, dat iwwerall op der Welt. De Sujet thematiséieren a Support fir dës Leit mobiliséiere wiere wichteg Pilieren am Kampf géint d'Gewalt vu Fraen, sou d'Luxair, déi elo e Partenariat mat der Associatioun "Stand Speak Rise Up!" agaangen ass.
Den Design op der Luxair-Maschinn géif d'Diversitéit an d'Standhaftegkeet vu Fraen op der ganzer Welt representéieren a wier, wéi gesot, zënter Mëtt November op der Maschinn ze gesinn.
D'Grënnerin a Presidentin vu Stand Speak Rise Up!, d'Lëtzebuerger Grand Duchesse Maria Teresa, vergläicht Gewalt géint Fraen mat enger "Krichswaff", déi "Gesellschaften fir ganz Generatiounen destabiliséiere kann" an e Géigner vu Fridden ass. Zesumme mat der Luxair wier elo d'Stëmm géint Ongerechtegkeet a Gewalt méi haart ginn, heescht et weider.
Hei d'Communiquéën vun der Aktioun op franséisch an englesch!