Dës Woch, dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Musek an Ënnerhalung.

De Jhemp Bertemes huet d'Band 'Providers', déi e Samschdeg am Atelier hiren Anniversaire feiert, déi lescht 25 Joer begleet. Lass goung et als Schüler an der Garage vum Batteur. Dass et zu de 'Providers' koum war net evident, well um Ufank ware si eng Metalband, déi och Covere gespillt huet. Haut si se bekannt fir hir Fues- a Studentebaler an elo freet och keen Türsteher méi, ob se al genuch sinn. No 300 Concerten, bei deene se d'Bün mat der 'Hermes House Band' oder dem 'Loona' gedeelt hunn, feiere se e Samschdeg hiren Anniversaire am Atelier mat villen Erënnerungen.

Den Dominik Wagner kënnt den 30. November mat der 'Ass-Dur-Weihnachsshow' an de Mierscher Theater. Zesumme mat sengem Brudder Florian deelt en net nëmmen d'Bün mee geleeëntlech och de Piano oder souguer d'Gei. Wann een hir Show kuckt, kéint een unhuelen, dass se sech net sou gutt verstinn a matenaner konkurréieren. 'Die grosse Ass-Dur-Weihnachsshow' versprécht e Mix aus Musek a Comedy mat Lidder, déi an Zäit passen, mee bei deenen och 'Grinchen' op hier Käschten kommen a grinsen oder souguer laachen.

D'Bianca Renz ass d'Directrice vum Zirkus Renz, deen d'nächste Weekend op en internationale Circusfestival invitéiert. E Samschdeg a Sonndeg moossen Artisten aus der ganzer Welt sech mateneen a versichen, e Jury mat hirer Konscht sou ze begeeschteren, fir dass herno fir si Bronze, Sëlwer oder Gold eraussprangen. Bei den zwee Deeg Gala sinn déi bescht Jongleuren, Equilibristen, Clownen, Akrobaten an Kënschtler um Trapez ënner engem Zirkuszelt zesummen a wëllen un d'Spëtzt.

RTL

D'Albena Petrovic spillt e Samschdeg mat eelef anere Pianisten um Concert '24 hands' an der Philharmonie. Déi villsäiteg Musekerin, Pianistin a Komponistin vu méi wéi 600 Wierker, dorënner och 8 Operen, wollt am Kader vum Programm 'Rainy days' eppes Besonnesches bidden an huet dofir sechs Pianoen op d'Bün vun der Philharmonie stelle gelooss op deenen 12 Pianiste wärend engem Concert zesummespillen. D'Musekerin, déi zu Sofia a Bulgarien gebuer ass, huet 24 Preluden op de Programm gesat, déi fir 24 Hänn komponéiert sinn.

RTL