Dëse Weekend hat den Trifolion keng Musek um Menü, ma et gouf tatsächlech gekacht.

Vegetaresch iessen ass ëmmer méi beléift bei de Leit, dofir wonnert et een och net, dass de Kach-Workshop mam Tammy Diderich immens séier sold-out war. D'Lëtzebuerger Kächin ass op vegetaresch an zockerfräit Iesse spezialiséiert an huet am Workshop gewisen, wéi een e leckeren, festleche Menü ganz ouni Fleesch extra fir d'Feierdeeg preparéiert.

Vegetareschen a vegane Chrëschtdagsmenü

Dir fannt déi eenzel Rezepter heirënner (op däitsch an op franséisch) flott illustréiert, fir nozekachen.

Entrée

Haaptplat

Dessert