Wéi Geschäftsleit sech op Chrëschtdag preparéieren
D'Stad Lëtzebuerg bereet sech op déi schéinsten Zäit vum Joer vir: Chrëschtdag.
Fir dass d’Fest och visuell an den Akafsstroossen ze spieren ass, organiséiert d’Stad en éischte Workshop fir d’Commerçanten. An dësem Seminär léieren d’Geschäftsleit, wéi si hir Vitrinnen attraktiv a festlech gestalt kréien, alles am Zeeche vun der Chrëschtdagsmagie.
Am Design Hub zu Hollerech dréit sech de Moment alles ëm Vitrinnendekoratioun. Hei kréien d’Commerçantë wäertvoll Tipps a professionell Berodung, fir hir Produiten esou schéi wéi méiglech an Zeen ze setzen. D’Noémie Janes, déi den Atelier geréiert, ass eigentlech Architektin, spezialiséiert sech awer op Dekoratioun a Raumgestaltung. Hiert Zil ass et, d'Vitrinne vun de Geschäftsleit ganz besonnesch zur Geltung ze bréngen.
Eng schéi Fënster "muss net ëmmer deier sinn", erkläert d'Noémie Janes. Och mat engem klenge Budget kann een e groussen Effekt erreechen, wann ee mat Häerz a Séil dobäi ass. Och kleng Detailer kënnen en enormen Ënnerscheed an der Gesamtwierkung maachen. Vu Faarwentheorie bis zur richteger Beliichtung léieren d'Participanten alles, wat si fir hir Fënster brauchen.
Mat iwwer 41 Commerçantë war den Interessi um Workshop immens. Dës Formatioun ass eng Initiativ vun der Stad Lëtzebuerg, fir déi festlech Stëmmung an de Stroossen nach méi no vir ze bréngen. Besonnesch an der Woch viru Chrëschtdag, déi fir d’Geschäftsleit entscheedend ass, bréngt dësen Atelier eng flott Méiglechkeet, Vitrinnen ze perfektionéieren.
Ganz geschwë verwandelt sech d’Stad Lëtzebuerg an eng festlech Kuliss, déi mat Faarwen a Liichtspiller d’Visiteure faszinéiert. A wie weess – vläicht gewënnt ee vun de Participanten dëst Joer den Titel vun der schéinster Chrëschtdagsvitrinn aus der Stad.