De kulinaresch Genoss ronderëm d'Feierdeeg an der lescht Episod Gusto vun dësem Joer.

An dëser Episod huele mer Iech mat an eng Chocolaterie, zwou Brennereien, verschidde Bakatelieren a bei d’Anne Faber an d’Kichen.

Mir stellen Iech Jonker vir, déi als zukünfteg Aarbechtsplaz eng Bakstuff gewielt hunn, dat heescht erklären, wéi d’Ausbildung zum Bäcker oder Patissier ofleeft.

Mir kréien en Abléck an de Label "Spirits of Luxembourg" den Nofollger vun der Marque national wat alkoholescht Gedrénks wéi Branntewäin, Liqueur an Gin ugeet, a presentéieren den Adventskalenner, deen dobäi passt.

D’Anne Faber weist eist hiert Rezept fir Liefkuchen Daler a mir léieren e Rezept vum Gewënner vum internationale Kachconcours "Global Chefs Challenge" kennen, dat gutt bei d’Feierdeeg passt.

Weider Episoden vu "Gusto - de kulinaresche Magazin" fannt Dir hei.