Shoppe fir de gudden Zweck
An der Lescht konnt ee vu massege Prozenter an attraktiven Offere profitéieren.
Mat der Black Week, dem Black Friday a Cyber Monday gëtt séier a vill konsuméiert. Dat ass genee de Contraire vun deem, woufir “Colours of the Chars” steet, d’Geschäft vun der Friendship ASBL. D’Associatioun engagéiert sech fir déi Schwächst am Bangladesch a verkeeft an hirem Shop zu Lëtzebuerg ethesch, fair an nohalteg produzéiert Kleeder. Handgemaach vu Fraen aus dem Bangladesch. Mee de Slow Fashion Buttek hat et an de leschte Joren net ëmmer einfach.
Zanter dësem Juni fënnt een an der Beaumontsgaass d’Geschäft vu Friendship. De Wee bis heihin war awer laang. Et ass schonn déi 9. Adress fir de Buttek, dee sech soss temporär an eidele Geschäfter installéiert huet. Zanter 2019 hätt een nämlech nëmmen als Pop-Up funktionéiert, erkläert d’Feten, d’Managerin vum Shop.
“Mir missten ëmmer plënneren, well et ganz schwéier war, de Loyer ze bezuelen. Mir hunn zwar ëmmer en Arrangement fonnt mat de Proprietären vun de Lokaler, mee mir missten ëmmer nees eraus, wa se en neie Locataire haten.”
Ëmsou méi frou ass d’Feten, dass d’ONG hei endlech eng fest Plaz fir hire Buttek fonnt huet. Bannent dräi Deeg war dat aalt Geschäft ausgeraumt, an dat Neit opgemaach. Ma déi ganz Plënneraktiounen hätten och puer negativ Konsequenze mat sech bruecht. Net nëmme bedeit et all Kéiers vill Aarbecht fir d’Ekipp, mee virun allem verléiert ee Clienten, wann een dacks d’Adress wiesselt. “An all déi Lokaler sinn anescht”, erzielt d’Feten, “heiansdo kënne mir net alles weisen, wat mir weise wëllen. Virdrun hate mir zum Beispill vill Plaz fir Expositiounen iwwer déi verschidden Aspekter vum Projet.”
De Shop ass nämlech net just eng Vitrinn fir Slow Fashion aus dem Bangladesch, ma och fir all déi aner Projete vu Friendship. D’ONG ënnerstëtzt d’Leit sur place a villen Aspekter vun hirem Liewen. Ënnert anerem am Beräich vun der Educatioun oder och vun der Medezin. A mam Commerce an der Beaumontsgaass gëtt d’Formatioun a Beschäftegung vu ronn 300 Persoune gefërdert. 90% dovu si Fraen. Si kommen aus de sougenannten Chars, de Flossinselen am Bangladesch. Vun do kënnt och den Numm vum Geschäft, “Colours of the Chars”. Mat der Produktioun vun de Kleeder an Accessoire gëtt souwuel d’Ëmwelt respektéiert, andeems nohalteg Materialie benotzt ginn, wéi och d’Mënschen, déi ënnert würdege Konditioune schaffen. Eent vun de groussen Ziler ass d’finanziell Autonomie vun de Fraen.
“Doriwwer eraus gesinn ech virun allem wéi déi Fraen iwwer d’Joren opbléien. Se komme ganz schei an a sech zréckgezunn un. A mat der Zäit entfale si sech, se si méi glécklech, sangen an danzen. Dat ass dat, wat mir dohanne maache wëllen: Hinnen eng finanziell Autonomie ginn, awer och Liewensfreed.”
All dat wier ouni d’Hëllef vun de ville Benevolle warscheinlech net méiglech. Eng vun hinnen ass d’Corinne. Si ass schonn zanter dem éischten Pop-Up-Store 2019 dobäi an dat mat Leif a Séil. D’Corinne war och schonn zweemol am Bangladesch an huet déi Leit kennegeléiert, déi d’Produiten hierstellen.
“Et huet eng Damm zu mir gesot, ‘bréngt eis Saachen, mir wëlle schaffen’. Et ass eng immens Atmosphär do, et ass iergendwéi sou heemlech. An dee Kontakt mat de Leit ass magesch, fannen ech. Ech war déi éischt Kéier, wéi ech do war, ganz faszinéiert.”
D’Fraen a Männer ginn an 3 oder 6 Méint ugeléiert. D’Aarbechte sinn un hir Fäegkeeten ugepasst, erkläert d’Corinne. Wien um Ufank steet, mécht zum Beispill kleng Accessoiren, wie méi fortgeschratt ass, mécht méi opwenneg Broderien.
Fair Aarbecht bedeit awer och fair Präisser, an dat heescht méi héich Präisser wéi zum Beispill an deene bekannte Fast-Fashion-Geschäfter. D’Leit géifen net ëmmer verstoen, wéi schwéier et wier, Slow Fashion ze maachen, esou d’Shop-Managerin.
“All Stéck ass eenzegaarteg a gëtt et vläicht 1-2 Mol, net méi. Mir kréien net all puer Méint eng nei Kollektioun eran, am Contraire. A mir schwätze vu Fraen, déi nach léieren ze bitzen an ze stécken. Et ass net ëmmer perfekt a keng Masseproduktioun. Heiansdo froe Clienten eng bestëmmt Gréisst oder Faarf, dat ass net ëmmer evident. Mee dat ass Slow Fashion: net all Stéck 100 Mol hunn, mee vläicht just ee Mol.”
Et ass net evident, als Slow Fashion-Buttek z’iwwerliewen, esou d’Feten. Et wier een Challenge, d’Chargen ze decken, de Loyer an d’Salairen ze bezuelen. Ma d’Feten gleeft drun, dass si et wäerte packen.