Britteschen Acteur Jude Law gëtt um Walk of Fame geéiert

© AFP Archivbild
All Joer kommen zu Hollywood berüümten Nimm um Walk of Fame dobäi. Fir dëst Joer ass lo dee leschte Stär geplangt.
An dee kritt den 51 Joer ale brittesche Star-Schauspiller Jude Law. den 12. Dezember soll den Acteur déi 2.798. Plackett um bekannten Trëttoir kréien. Den US-Realisateur David Lowery an d'Actrice Jurnee Smollett goufen invitéiert, fir eng Ried ze halen. Mam Smollet hat hien och säi leschte Film "The Order" gedréint. De Film hat am August um Filmfestival zu Venedeg Première.
Den internationalen Duerchbroch hat den Jude Law 1999 mam Thriller "The Talented Mr. Ripley". Fir dës Nieweroll gouf et deemools och eng Oscar-Nominéierung. Eng Nominéierung fir déi bescht Haaptroll gouf et 2004 nach emol fir "Cold Mountain".
De Walk of Fame gëtt et zanter 1960.