Eemol d'Woch fiert de Poopst mat sengem Papamobil iwwer d'Péitersplaz am Vatikan. Lo schéckt hie säin ale Verbrenner an d'Pensioun a klëmmt op Elektro ëm.

Kuerz viru sengem 88. Gebuertsdag huet de Chef vun de Katholicken am Vatikan säin neie Won a Betrib geholl. D'Spezial-Constructioun vu Mercedes fiert ganz ouni schiedlech CO2-Emissiounen.

Scho bal 100 Joer laang sinn d'Peepst mat Autoen ënnerwee. De Poopst Franziskus awer ass elo ee vun deenen éischten, dee sech demonstrativ géint de Verbrenner stellt. Doriwwer eraus wëll de Vatikan bis 2030 dat éischt Land sinn, an deem just Elektroautoe fueren.

Den neie vollelektresche Modell ass eng Weiderentwécklung vun der Elektro-Jeep G580. Mat enger spezieller Boîte soll de Won och méi laang Strecke bei lueser Vitess fuere kënnen. Wéi bei all Papamobil sëtzt de Poopst och hei hannen op engem Stull, dee gedréint ka ginn. Esou kann hie sech an all Richtung beweegen an de Leit wénken. Fir schlecht Wieder gëtt et e speziellen Opsaz.

Mam Papamobil fiert de Franziskus normalerweis eemol d'Woch iwwer d'Péitersplaz, fir sech deene Gleewegen ze weisen. Donieft kommen d'Autoe vum Poopst awer och an den Asaz, wann de Pontifex an d'Ausland reest. D'Bezeechnung "Papamobil" kënnt vum italieenesche Wuert fir Poopst, also "Papa" an Automobil. Besonnesch bekannt gouf de Begrëff duerch de polnesche Poopst Johannes Paul II., dee sech och no engem Attentat net vun esou Faarten ofbrénge gelooss huet.