Wéi de Poopst zu sengem Papamobil koum
                    De Poopst François fiert no der Mass fir Palmsonndeg iwwert d'Péitersplaz (24. Mäerz 2024). / © JAKUB PORZYCKI / NurPhoto via AFP
En Donneschdeg wäert sech de Visiteuren am Zenter vun der Stad een ikonescht Bild weisen: de Poopst ënnerwee a sengem Papamobil.
Tëscht 12.45 an 13.15 Auer wäert de Poopst François duerch d'Stad Lëtzebuerg gefuer ginn. Dausende Leit wäerten de Parcours verfollegen an de Poopst och vu Wäitem nach kënne gesinn - dat wéinst sengem Papamobil.
De Parcours geet virum Cercle op der Place d'Armes lass, ier de Poopst dann duerch d'Rue Chimay (Dräikinneksgaass) an de Bouvevard F.D. Roosevelt laanscht d'Gëlle Fra bis iwwert déi Nei Bréck a Richtung Garer Quartier fiert. Op der Gare geet et dann iwwert de Boulevard de la Pétrusse, duerch d'Rue Heinrich Heine vis-à-vis vum Rousegäertchen an dann duerch d'Avenue de la Liberté nees zeréck op de Pont Adolphe.
Duerno fiert de Poopst um Papamobil iwwer d'Avenue Marie-Thérèse, ier et dann an d'Bëschofshaus geet. Laanscht d'Route wäerte Plaze fir d'Leit geschaaft ginn, déi an der Stad ee Bléck op de Poopst wëlle geheien. Wieder Detailer vum Trajet fannt Dir hei.
                    Wéi de Papamobil de Poopst de Leit méi no bruecht huet
A wéi engem Papamobil de Poopst d'nächst Woch duerch d'Stad fuere wäert, ass nach net gewosst - en huet der nämlech direkt e puer, tëscht deenen hie ka wielen. Ofhängeg vum Wieder kënne se dann och oppen, oder mat enger transparenter Kuppel gefuer ginn.
D'Traditioun vum Papamobil, wéi een en haut kennt, geet op de Poopst Jean-Paul II zeréck. Zwar goufen och scho virun him Peepst motoriséiert duerch d'Géigend kutschéiert, ma dat waren éischter klassesch representativ Staatskarossen. No engem éischte Papamobil-Prototyp fir eng Rees a Polen am Joer 1979, war ee Besuch an Däitschland, deen 1980 dozou gefouert huet, datt de Pontifex säi zu senge véier Rieder koum.
Mercedes-Benz hat fir d'Visitt vum Jean-Paul II e Won vum Typ Mercedes-Benz 230 G esou ëmgebaut, datt de Poopst net just fir d'Masse gutt siichtbar méi héich souz, ma och mat Plexiglas viru Wand a Ree geschützt gouf. Och de Motor vum Papamobil gouf esou ëmgerëscht, datt en ouni Problemer a Schrëttgeschwindegkeet konnt fueren.
De Poopst Jean-Paul II huet am Verglach zu senge Virgänger vill wäert op Auslandsreese geluecht: a senge bal 27 Joer Amtszäit huet hie ganzer 129 Länner bereest. De 15. a 16. Mee 1985 war hien och als éischte Poopst am Grand-Duché. Mat sengem neie Won war hien net just méi visibel fir déi Gleeweg ginn, ma hie konnt hinnen esou och méi no kommen, wéi jee virdrun. Net just fir d'Leit um Bord vum Cortège, ma och medial huet de Papamobil de Poopst also méi siichtbar gemaach.
Net ouni Gefor
Dës nei Visibilitéit huet de Poopst awer och méi vulnerabel gemaach. Den 13. Mee 1981 ass e Schock duerch déi kathoulesch Communautéit gaangen, nodeems een tierkesche Rietsextremist op de Poopst geschoss huet. De Jean-Paul II war an engem oppene Papamobil op der Péitersplaz ënnerwee fir op d'Generalaudienz, wou hie vun zwou Kugele getraff gouf. De gebiertege Pol huet missen noutoperéiert ginn, ma huet d'Attentat iwwerlieft.
No de Schëss op de Jean-Paul II goufen d'Sécherheetsmesuren ronderëm de Papamobil verstäerkt an et koum ënnert anerem och eng Kuppel aus Panzerglas an den Asaz. Den ëmgebauten Fiat Campagnolo, dee wärend dem Attentat am Joer 1981 am Asaz war, steet elo iwweregens am Museo del Carozze am Vatikan
De Poopst Benoît, dem Jean-Paul II säi Successeur, huet d'Traditioun vum Papamobil weidergefouert, an der Flott och nei Autoe bäigefüügt. Mat engem Renault Kangoo koum och een éischten elektreschen Auto an de Fuerpark. De Poopst François leet bei senge Papamobille Wäert op Simplicitéit an huet als éischte Poopst och ee Papamobil mat Waasserstoffmotor. Japanesch Bëscheef haten dem Pontifex am Joer 2020 een Toyota Mirai mat Öko-Motor geschenkt.
Billergalerie: De Papamobil am Laf vun de Joren

























