De Jean-Claude Juncker gëtt 70 Joer al

© AFP
Premier, EU-Kommissiounspresident an Éierestaatsminister: De Bouf vun engem Stolaarbechter, gebuer den 9. Dezember 1954, huet et wäit bruecht.
Wéineg anerer hunn d'Lëtzebuerger Land esou gepräägt, ewéi de Jean-Claude Juncker. Haut feiert de Minetter, dee sech säin Humor ni huele gelooss huet, säi 70. Gebuertsdag.
Eng laang politesch Karriär
Opgewuess zu Bieles gouf de Jean-Claude Juncker vun der Stolindustrie an de Immigratioun am Süde gepräägt. Scho fréi koum de Juncker mat der Politik a Kontakt: Säi Monni Ed Juncker war vun 1976 bis 1998 Buergermeeschter vun Ettelbréck fir déi Chrëschtlech-Sozial, säi Papp war als Gewerkschaftler am LCGB aktiv.
No sengem Bac 1974 huet de jonke Juncker sech an der CSV engagéiert. Nach dat selwecht Joer gouf hie President vun der CSJ. Geschafft huet hien, trotz ofgeschlossen Etüden am Droit, als Fraktiounssekretär - hien hätt sech ëmmer als Beruffspolitiker gesinn.
Bal 19 Joer am Amt
Schonn 1982 huet den deemolege Premier Pierre Werner dem Jean-Claude Juncker säi politescht Talent erkannt an hien zum Staatssekretär fir Aarbecht a sozial Sécherheet ernannt. 1984 gëtt hien Aarbechts- a Finanzminister.
1990 gëtt de Jean-Claude Juncker Parteipresident a situéiert d'CSV mat enger interner Moderniséierung vun de Chrëschtlech-Sozialen an der Mëtt vun der Gesellschaft. Fënnef Joer méi spéit gëtt de Juncker zum Successeur vum Lëtzebuerger Premier Jacques Santer, wéi dëse President vun der EU-Kommissioun ginn ass. De beim Vollek beléifte Premierminister gëtt net awer net just eng Kéier gewielt, mat och bei de Walen 2004 an 2009 kritt hien d'Stëmme vun de Wieler am Grand-Duché - dat all Kéier mat perséinleche Beschtresultater.
Vum Premier zum Kommissiounspresident
2013 dann d’Geheimdéngschtaffär: Am Juli refuséiert de Jean-Claude Juncker, déi politesch Responsabilitéit iwwer déi onkontrolléiert Aktivitéite vum SREL ze droen a kënnegt Neiwalen un. Hien trëtt zwar nach eng Kéier als Spëtzekandidat fir d'CSV un, muss sech awer geschloe ginn. Fir déi éischt Kéier zanter 40 Joer kommen déi Chrëschtlech-Sozial an d'Oppositioun.
Op där Säit huet et dem laangjärege Premier awer net gefall: Hien decidéiert - grad ewéi säi Virgänger Santer - zu Bréissel fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident ze kandidéieren. De 14. Juli 2014 stëmmt d'EU-Parlament mat 422 zu 520 Stëmme fir de Lëtzebuerger.
Haut huet sech den Éierestaatsminister zwar gréisstendeels aus der aktiver Politik zeréckgezunn, äussert sech awer ëmmer nees zu politesche Sujeten, gëtt Interviewen an hält Virträg, virun allem zu europäeschen Theemen.
Eréischt viru Kuerzem koum senger däitscher Homologin, der Kanzlerin Merkel, hir Biographie eraus. An där lueft si de Lëtzebuerger besonnesch fir säin Asaz an der Flüchtlingspolitik. Wéi de fréiere Staatsminister RTL an engem rezenten Interview verroden huet, schreift hie selwer grad un engem Buch iwwer seng fënnef Joer zu Bréissel.