Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm de Superjhemp, Karikaturen, Fotografie a Chrëschtlidder.

De Lucien Czuga huet et fäerdeg bruecht, dass de Superjhemp elo franséisch schwätzt. De Bouneweger, dee virun genee 70 Joer op Niklosdag op d'Welt koum, war vum 29. November bis den 1. Dezember an der Halle des Blancs Manteaux am Marais zu Paräis um Salon SoBD, wou eisen Nationalheld sech mat aneren Stréchmännercher gemooss huet. Vun 1987 bis 2014 huet de Lucien als Zeenarist zesummen mam Roger Leiner de Superjhemp erausbruecht. "Superjhemp contre l'exploseur" ass den 1. Album vun der Serie "De Superjhemp géint de Bommeleeër" deen 1988 erauskomm an deemools iwwer 15.000 Mol verkaf gouf.

RTL

De Florin Balaban invitéiert d'Frënn vu Cartoonen a Karikaturen op Déifferdeng an d'Aalt Stadhaus. Ënnert de Wierker, déi vun elo un a bis de 4, Januar am Foyer vum Aale Stadhaus zu Déifferdeng ausgestallt sinn, ginn och déi 3 éischt Plaze vun engem internationale Concours gewisen, wou Cartoone a Karikaturen sech beim "Musée de la Caricature et du Cartoon de Vianden" gemellt haten.

RTL

De Max Kremer huet d'Irisfotografie fir sech entdeckt a suergt fir ganz perséinlech Kaddoen. Mat engem PopUp huet alles ugefaangen an elo huet de Foto-a Videograf säin eegene Fotostudio, wou hien den Interessenten hier Ae fotograféiert. Eraus kënnt en exklusiivt Bild, fir bei sech opzehänken oder weiderzeverschenken.

RTL

De Rob Koeller vun der UGDA organiséiert e Samschdeg e grousst Chrëschtdagssangen, wou een zu Miersch matsange kann. No dem éischte grousse Concert 2021, mat 400 Sängerinnen a Sänger zu Iechternach, déi vu Museker mat Zipfelmutz begleet goufen, gëtt et e Samschdeg um 16.30 Auer en neie Rendez-vous zu Miersch. Um Programm Chrëschtlidder aus aller Welt a vu Lëtzebuerg. D'Texter an d'Musek kann een eroflueden op www.ugda.lu.

RTL