Um Méindeg den Owend huet den Yves Frising vun Diddeleng eis säi Chrëschtbeemche mat iwwer 30 Nëssknacker gewisen.

D’lescht Woch hat RTL en Opruff lancéiert, op deen doropshin iwwer 140 Chrëschtbeemercher erageschéckt goufen. Dräi Stéck dovu goufen erausgesicht a vun e Méindeg bis e Mëttwoch stelle mer Iech déi am Magazin vir. Um Méindeg den Owend huet den Yves Frising vun Diddeleng eis seng Dänn gewisen.

Iwwer 30 Nëssknacker huet hien a sengem Appartement stoen an all Joer gëtt et méi Chrëschtdekoratioun. Seng Begeeschterung fir Chrëschtdag ass mat de Joren ëmmer méi grouss ginn, sou gëtt dann och mëttlerweil an der Adventszäit alles ewechgestallt, fir datt genuch Plaz fir seng Chrëschtdekoratioun ass. Zesumme mat sengem Mann besicht hien och eng ganz Rei Chrëschtmäert a sicht do dann och ëmmer nei Bulle fir op de Chrëschtbeemchen eraus. Seng Dänn ass keng richteg, well hien zanter Jore säi syntheetesche Bam opriicht an deen ëmmer erëm ka benotzt ginn.