Och op der Tëlee leeft net ëmmer alles riicht. Et sinn dann awer mat déi flottste Momenter, wann een zesumme laache kann, och wa mol eppes schifgeet.

An där Momenter goufen et der natierlech och erëm dëst Joer. Am Bêtisier 2024 kucke mer zréck op déi witzegst Pannen, Verbraddler an och Laachkrise, déi virun an hannert der Kamera geschitt sinn.

Do gëtt alt emol en Text vergiess, d'Deko oder d'Material spillen net mat oder et ass séier och en net ganz sou léift Wuer, wat engem erausrutscht.

Alles ganz normal, oder? Mir wënschen op alle Fall vill Spaass mat eisem Bêtisier vum Joer 2024.