RTL-User hunn decidéiert
Den Yves Frising vun Diddeleng huet de schéinste Chrëschtbeemchen
D'lescht Woch hat RTL en Opruff lancéiert, op deen doropshin iwwer 140 Chrëschtbeemercher erageschéckt goufen.
Ganz a sëlwer, mat Nëssknacker oder enger klenger Stad. Esou hunn d'Chrëschtbeemercher sech presentéiert, déi mer Iech déi lescht dräi Deeg hei am Magazin gewisen hunn. Op RTL.lu konnt ee säi Beemchen umellen. Iwwer 140 Leit haten dat gemaach.
An déi meeschte Likes gouf et fir dem Yves Frising vun Diddeleng säi Beemchen. Mat den iwwer 30 Nëssknacker, déi den Yves a sengem Appartement stoen huet. Felicitatioun un den Yves a säi Mann, déi sech dann elo kënnen op 200 Euro freeën.
Am meeschte gelies